![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/c/ca/Rosetta_Stone_BW.jpeg/640px-Rosetta_Stone_BW.jpeg&w=640&q=50)
Stee vu Rosetta
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Stee vu Rosetta oder Stee vu Rosette ass eng stenge Stele, déi als Fragment erhalen ass, an op där an dräi Schrëften (Hieroglyphen, Demotesch, Algriichesch) e Priesterdekreet agemeesselet ass. Dësen Text aus dem Joer 196 v. Chr. ass en Hommage un den egyptesche Kinnek Ptolemaios V. a lueft e fir alles, wat e Guddes gemaach hätt.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/c/ca/Rosetta_Stone_BW.jpeg/640px-Rosetta_Stone_BW.jpeg)
De Stee vu Rosetta huet eng determinant Roll gespillt, fir déi egyptesch Hieroglyphen iwwersetzen ze kënnen. En ass zanter dem 19. Jh. am British Museum zu London ausgestallt.[1]
En ass 112,3 cm héich, 75,7 cm breet und 28,4 cm déif, weit 762 kg an ass aus donkelgroem Granodiorit.[2]
Well e beschiedegt ass, ass kee vun den dräi Texter komplett erhalen:
- Vum ieweschten Text (Hieroglyphen) feele ronn zwee Drëttel, just déi lescht 14 Zeilen si ganz erhalen. All 14 Zeile sinn um rietse Bord beschiedegt an 12 Zeilen zousätzlech op der lénkser Säit.
- De mëttelse Beräich (Demotesch) ass am beschten erhalen. Vun den 32 Zeilen sinn déi iewescht 14 um rietse Bord liicht beschiedegt.
- Vum ënneschten Text (Griichesch) feelt riets en Eckstéck. Dofir kënne vun de 54 Zeilen nëmme 27 komplett gelies ginn.
An de Joren nodeems e 1799 fonnt gi war, hu franséisch Fuerscher an Egypten e ganze Koup Kopië vum Text gemaach, andeems se Dréckertënt drop verdeelt hunn an dan Negativ-Ofdréck ofzéie konnten. D'Reschter vun der Tënt goufe bei Restauratiounsaarbechten, Enn vum 20. Jh., nees ewechgemaach, soudatt de Steen nees sou ausgesäit wéi e war.