Sophie Jung
lëtzebuergesch Kënschtlerin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Sophie Jung, gebuer 1982, ass eng lëtzebuergesch Kënschtlerin.
Sophie Jung | |
---|---|
Gebuer | 1982 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sculpteur, Fotograf |
Famill | |
Papp | André Jung |
Geschwëster | Marie Jung |
Si mécht Videoen, Performances, Installatiounen, Skulpturen, Fotoen a schreift Texter, a kombinéiert déi Ausdrocksweise mateneen.
D'Sophie Jung huet Fotografie a Mediekonscht op der Folkwang-Schoul zu Essen an op der Zürcher Hochschule der Künste studéiert, an dës Studien 2009, resp. 2011 op der Rietveld Academy zu Amsterdam, jeeweils mat engem BA ofgeschloss. Zanterhier mécht si en MA in Fine Arts bei Goldsmiths, University of London.[1]
Si krut 2013 den Edward Steichen Award Luxembourg.
D'Sophie Jung lieft a schafft zu Basel an zu London an ass d'Duechter vum André Jung an der Lony Hoffmann an d'Sëschter vun der Marie Jung a vum Max Krappatsch. Si ass d'Enkelin vun der Germaine Hoffmann a vum Léopold Hoffmann