![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/3/3f/Solar-cycle-data-German.png/640px-Solar-cycle-data-German.png&w=640&q=50)
Sonnenaktivitéit
From Wikipedia, the free encyclopedia
Als Sonnenaktivitéit ginn zyklesch verännerlech Eegenschafte vun der Sonn bezeechent, déi mat den Turbulenze vun hirem gliddege Gas a lafenden Ännerunge vum Magnéitfeld zesummenhänken. Dës Aktivitéit weist sech am opfällegsten an wiesselnder Heefegkeet vun de Sonneflecken an hirer Lag zum Equator. De Sonnefleckenzyklus huet eng mëttel Period vun 11 Joer, kann awer iwwer laang Zäitraim tëscht 9 an 13 Joer leien. Déi mëttel Zuel vun de Sonneflecke schwankt vun 0-5 am Sonnefleckeminimum bis iwwer 100 (ëm 1960 souguer un déi 200) am Maximum. Zu dësem Phenomeen kommen nach onreegelméisseg Gas- a Stralungsausbréch (Flares), Ännerungen am Sonnewand, vereenzelt Sonnestierm a Protoneschauer, an déi riseg Gasfontäne vun de Protuberanzen.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/d7/Sunspot_Numbers_German.png/640px-Sunspot_Numbers_German.png)
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/3/3f/Solar-cycle-data-German.png/640px-Solar-cycle-data-German.png)
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/5/5b/Irradiance.jpg/640px-Irradiance.jpg)
Obschonn d'Sonneflecken eng ëm 1000 K méi niddreg Temperatur wéi déi iwwereg Sonnenuewerfläch hunn, straalt d'Sonn wärend dem Aktivitéitsmaximum mat enger eppes méi héijer Leeschtung wéi am Sonnefleckeminimum. Dozou droen ë. a. déi gliddeg Gebidder (Sonnefakele) bäi. D'Sonnenaktivitéit ass verantwortlech fir Evenementer vum Weltraumwieder a wierkt sech direkt op Satellitten, awer och op technesch Ariichtungen op der Äerd aus. Si beaflosst doriwwer eraus d'Polarliicht, d'Ionosphär an domat d'Ausbreedung vun de Radiowellen op der Äerd[1].