Sir Howard Grubb, Parsons and Co.
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Sir Howard Grubb, Parsons and Co. Ltd., och bekannt ënner dem Numm Grubb Parsons war e Fabrikant vun Teleskope zu Newcastle upon Tyne.
D'Firma gouf 1833 zu Dublin vum Thomas Grubb ënner dem Numm Grubb Telescope Company gegrënnt.[1] Säi Jong Howard Grubb hat sech 1864 ugeschloss. D'Entreprise war 1925 a finanziell Schwieregkeete geroden, a gouf vum Sir Charles Parsons opkaf an ëmgenannt.[2]