Jupitermound From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jupitermound Sinope (oder Jupiter IX) ass ee vun de baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.
Zentralkierper | Jupiter |
---|---|
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 23.939.000 km |
Periapsis | 17.966.000 km |
Apoapsis | 29.912.000 km |
Exzentrizitéit | 0,2495 |
Ëmlafzäit | 758,9 Deeg |
Ëmlafvitess | 2,29 km/s |
Inklinatioun | 158,109° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | 38 km |
Dicht | 2,6 (?) g/cm3 |
Gravitatioun op der Uewerfläch | ? m/s2 |
Albedo | 0,04 |
Visuell Magnitude (mag) | 18,1 |
Entdeckung | |
Entdecker | S. B. Nicholson |
Entdeckungsdatum | 1. Juli 1914 |
De Sinope gouf den 1. Juli 1914 vum Astronom Seth Barnes Nicholson um Lick-Observatoire entdeckt.
De Mound gouf no der Sinope, enger Nymph aus der griichescher Mythologie genannt.
Den offiziellen Numm krut de Mound eréischt am Joer 1975, vidru gouf en einfach als Jupitermound IX bezeechent, well hien de néngten entdeckte Mound beim Jupiter war.
De Sinope kreest a 758 Deeg, 21 Stonnen a 36 Minutten op enger mëttlerer Distanz vun 23.939.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2495. Mat enger Schréi vun 158,109° ass d'Bunn retrograd, dat heescht, de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter.
De Sinope gëtt wéinst senge Bunneegenschaften zu der Pasiphae-Grupp gerechent.
De Sinope huet e mëttleren Duerchmiesser vu ronn 38 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut.
De Sinope huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 18,1m.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.