From Wikipedia, the free encyclopedia
De Sher 25 ass e Stär am galakteschen Emissiounsniwwel NGC 3603. Hien ass ronn 25.000 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Mat enger visueller Hellegkeet vun 12,23 mag ass hien am südleche Stärebild Carina ënner ideale Bedingunge mat engem Teleskop (Ëffnung vun op d'mannst 200 mm) z'observéieren.[1]
Numm | Sher 25 |
Stärebild: | Carina (Car) |
Daten | |
Equinoxe | J2000.0 |
Rektaszensioun | 11h 15m 07.649s |
Deklinatioun | - 61° 15' 17.59"[1] |
visuell Magnitude | + 12,23 mag |
Spektralklass: | B1 Iab[1] |
Astrometrie | |
Radialvitess: | ? km/s |
Parallax | ? mas |
Distanz | 25.000 Lj[1] |
Absolut Hellegkeet | |
Physikalesch Eegenschaften | |
Mass: | 40 – 52 |
Alter | 4 Mio.[1] |
Liichtkraaft: | |
Uewerflächentemperatur | 22.000 K[1] |
D'Mass vum Bloen Iwwerris ass ongeféier 40 bis 52 Sonnemassen. Am Ufank vu senger Haaptreiephas waren et 60 Sonnemassen.[1] Zu deem Zäitpunkt war de Stär en Iwwerris vun der Spektralklass B3 I.[2] Ronderëm ass e Planetareschen Niwwel, deen aus engem vu 6560 Joren ofgestoussenen equatoriale Rank an engem 6700 Joer zeréckleiende bipolaren Ausfloss besteet.[2] De Sher 25 gouf fir d'éischt vum David Sher an engem Artikel vun 1965 am Monthly Notices of the Royal Astronomical Society iwwer d'Distanzmiessung zu fënnef oppene Stärekéip beschriwwen.[3]
De Sher 25 gëllt als Kandidat fir eng Supernova vum Typ II.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.