From Wikipedia, the free encyclopedia
E Seegelschëff (Schëffsnumm dacks mat SS uginn) ass e Schëff, dat ganz oder haaptsächlech mat senge Seegelen duerch d'Kraaft vum Wand viru gedriwwe gëtt. Seegelschëffer waren zanter der Antiquitéit bis zum 19. Joerhonnert déi wichtegst Verkéiersmëttele fir den Transport vu Gidder a Persounen op laange Strecken um Mier. Si goufe vum 19. Joerhonnert u mat Dampschëffer a Motorschëffer ersat. Bis gutt an d'19. Joerhonnert eran, waren och déi meescht Krichsschëffer Seegelschëffer. Kleng Seegelschëffer ginn als Seegelbooter bezeechent.
Seegelschëffer hunn op d'mannst ee Mast, ee Seegel an och als Géigestéck am Waasser e Kiel, deen déif an d'Waasser era reecht, an ee Schwäert oder méi Säiteschwäerter, besonnesch bei Schëffer mat plattem Buedem.
En Ënnerscheed gëtt gemaach tëscht zwou Aarte vu Seegelen:
Net spezifesch Bezeechnunge fir Seegelschëffer sinn z. B.: Dräimaster, Groussseegeler, Fënneffmastschëff oder Windjammer.
Commons: Seegelschëffer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.