From Wikipedia, the free encyclopedia
Gorch Fock ass den Numm vu zwee souzesoe baugläiche Schëffer. Si goufen nom Schrëftsteller Gorch Fock genannt. Dësen Artikel bezitt sech op dat zweet Schëff vun 1958 mat dem Numm Gorch Fock (1958), also op d'Seegelschoulschëff Gorch Fock vun der Däitscher Marinn.
Gorch Fock (1958) | ||
---|---|---|
Donnéeë vum Schëff | ||
Schëffstyp | Drei-Mast-Stol-Bark | |
Schëffsklass | Seegelschoulschëff Klasse 441A GL + 100 A 4 (E) | |
Bauufank: | 24. Februar 1958 | |
Stapellaaf (Schëffsdaf): | 23. August 1958 | |
An Déngscht geholl: | geliwwert: 17. Dez. 1958 | |
Bauwerft: | Blohm + Voss zu Hamburg | |
Baunummer: | 804 | |
Equipage: | 269 Persounen: Kommandant, 9 Offizéier, Dokter, Meteorolog, 36 Ënneroffizéier, 21 Mannschaften, 150 - 200 Offiziers- an Ënneroffizéierskandidaten | |
Käschten: | 8,5 Milliounen DM | |
Technesch Donnéeën | ||
Vermiessung: | 3.181 BRT 2.534 NRT | |
Waasserverdrängung: | zirka 2.006 t | |
Längt: | CWL: 81,26 m iwwer alles: 89,4 m | |
Breet: | 12 m | |
Déifgank: | 5,25 m | |
Masthéicht iwwer Waasser: | Vir- a Grousstopp iwwer CWL 45,30 m, Besantopp 40 m | |
Seegelfläch: | 2037 m² | |
Maschinnen: | Deutz-MWM-Diesel BV6M628 | |
Zuel vu Schrauwen: | 1 Verstellpropeller Ø 2,50 m | |
Leeschtung: | 1.240 kW (1.690 PS) | |
Héchstvitesse: | Motor: max 12,00 kn, Seegel: max 18,20 kn | |
Aktiounsrayon: | zirka 1.100 sm bei 10,00 kn | |
Status | ||
am Déngscht | ||
Fir déi nei geschaf Bundesmarine gouf 1958 d'Seegelschoulschëff Gorch Fock an Déngscht geholl, dat bis haut déi Funktioun an der Däitscher Marinn nach ëmmer erfëllt. Grad wéi déi éischt Gorch Fock (1933) vun der Reichsmarine, gouf se bei Blohm + Voss gebaut. D'Schëff ënnersteet der Marinneschoul Mürwik, säin Heemechtshafen ass Kiel.
D'Gorch Fock ass no de selwechte Pläng gebaut wéi déi sukzessiv Schwësterschëffer vun der éischter Gorch Fock, nëmme méi grouss. Allerdéngs goufen nom Ënnergank vun der Pamir 1957 d'Sécherheetsstandarden däitlich verbessert. All Offizéieschkandidate vun der Däitscher Marinn ginn am Kader vun enger Ausbildungsrees an d'Ausland, um Schëff forméiert, och d'Ënneroffizéier vum sougenannte "seemänneschen Déngscht". Kommandant vum Schëff ass zanter 2006 de Kapitän Norbert Schatz.
Commons: Gorch Fock (1958) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.