E Schëldvulkan ass eng besonnesch Form vun engem Vulkan. D'Bezeechnung kënnt vun der schëldarteg verwëllefter Form vun deem Vulkantyp.
Genesis
D'Ursaach fir déi typesch Form ass d'Ausfléisse vun dënnflësseger gasaarmer Lava déi séier fléisst. Déi huet normalerweis eng basaltesch Zesummesetzung a meeschtens manner wéi 52 % Siliziumdioxid (SiO2). Beim Ausfléissen ass si zirka 1000 °C bis 1250 °C waarm. Genesisplaz vum gefërderte Magma ass den ieweschten Äerdmantel. De Bëschungswénkel vu Schëldvulkaner huet duerch déi héich Fléissvitesse vun der Lava (bis zu 60 km/h) nëmme ronn 5°, dat heescht, et handelt sech allgemeng ëm opfälleg grouss Kegelen déi flaach offalen. Schëldvulkaner ginn entspriechend hirem Eruptiounsverhalen och als rout Vulkaner bezeechent. Si fërdere gigantesch Masse vun dënnflësseger (routgliddeger) Lava, déi effusiv austrieden a sech och bei flaachen Hiwwele wäit ausbreede kënnen. Schëldvulkaner sinn dofir net opfälleg héich. D'Verhältnes tëscht Héicht a Foussduerchmiesser ass meeschtens nëmmen 1:20 bis 1:10.
Virkommen
Déi meescht Schëldvulkaner sinn an de Lithosphäreplacken iwwer Hotspotten (Beispill Hawaii) souwéi op Plackeränner op de Mëttelozeanesche Récker (Beispill Island) déi auserneendriften oder a Riftzone wéi den Ostafrikanesche Gruef. Vun de weltwäit 1500[1] aktive Vulkaner sinn der 180 Schëldvulkaner.[2]
Ee vun de bekanntste Schëldvulkaner ass de Mauna Loa op Hawaii. D'Schëldvulkaner, déi zum Opbau vun den Hawaii-Insele gefouert hunn, sinn déi gréisst op der Äerd.
Weider aktiv Schëldvulkaner sinn op der Insel La Réunion, z. B. de Vulkan Piton de la Fournaise.
De gréisste bekannte Schëldvulkan an zougläich den héchste Bierg am Sonnesystem ass de Olympus Mons um Planéit Mars.
Kuckt och
- Pyroklastesche Schëldvulkan
Um Spaweck
Commons: Schëldvulkaner – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) beim Global Vulcanism Program
- (en) V. Camp: Shield volcanoes, How Volcanoes Work, Dept. of Geological Sciences, San Diego State University
- (en) R. Andrew, A. Gudmundsson: Distribution, structure, and formation of Holocene lava shields in Iceland, Journal of Volcanology and Geothermal Research, Vol. 168, Iss. 1-4, Nov. 2007, 137-154 (Science Direct, Abstract
- (en) Ken Hon, e.a.: Field interpretation of active volcanoes. A handbook for viewing lava, Geology Dept., University of Hilo, Hawaii, 2008 (bes. S. 47 ff.) (PDF; 8,3 MB)
Referenzen
- Gerd Simper: Vulkanismus verstehen und erleben. Feuerland Verlag, Stuttgart 2005, ISBN 978-3-000-15117-0, S. 38.
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.