Schluecht vu Salamis
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Schluecht vu Salamis (gr.: Ναυμαχία τῆς Σαλαμῖνος) war eng Séischluecht tëscht Perser a Griichen am September[1] 480 v. Chr. virun der Insel Salamis am Kader vun de Perserkricher, an eng grouss griichesch Victoire.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Schluecht vu Salamis am Kader vun de Perserkricher. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Schluecht vu Salamis (Homonymie) |
Schluecht vu Salamis | |
---|---|
Skizz vun der Séischluecht vu Salamis | |
Datum | September 480 v. Chr. |
Plaz | Virun der Insel Salamis |
Resultat | griichesch Victoire |
Kontrahenten | |
Griichen (Themistokles) | Perser (Xerxes I.) |
Kommandanten | |
{{{Kommandant1}}} | {{{Kommandant2}}} |
Truppen op der Plaz | |
mind. 271 Triremen Besatzung: > 54.200 |
mind. 500 Krichsschëffer Besatzung: > 100.000 |
Verloschter | |
{{{Verloschter1}}} | {{{Verloschter2}}} |
Konflikt | |
Perserkricher |
D'Schluecht zielt zu de wichtegste Séischluechten am anticke Mëttelmierraum.
Nodeem d'Perser d'Schluecht vu Marathon (490 v. Chr.) verluer haten, hat de persesche Grousskinnek Dareios I. nach ëmmer d'Intentioun, déi griichesch Poleis an d'persescht Räich anzeglidderen. Den Zweck vun der Expansioun sollt zum Engen d'persesch Staatskeess mat dem Verméige vun de Griiche fëllen, a gläichzäiteg och e Sprangbriet fir weider Eruewerungen am Weste sinn.
Fir d'Flott méiglechst ouni Schued an d'Kampfgebitt ze bréngen, gouf de Bau vun engem Kanal duerch d'Hallefinsel Athos geplangt. Mä den Dareios I. ass nach wärend de Krichsvirbereedunge 486 v. Chr. gestuerwen, a säi Jong Xerxes I. huet déi Aufgab iwwerholl.
De Kanal, deen ënner dem Dareios I. ugefaange gi war, gouf fäerdeggebaut. Zousätzlech hunn d'Perser zwou Landbrécken iwwer den Hellespont gebaut, fir mat enger Arméi tëscht 70.000 an 80.000 Mann weiderzeréckelen. 480 v. Chr. waren d'Virbereedungen ofgeschloss, an de Xerxes I. huet mat sengem Feldzuch ugefaangen. Ronn 1000 Spartaner, Thespier und Thebaner, ugefouert vum Leonidas hu versicht, d'Perser opzehalen, an hu sech hinnen am Norde vu Griicheland gestallt. Si goufen allerdéngs bei der Schluecht vun den Thermopylen geschloen, an d'attesch Flott huet sech no Operatioune bei Artemision op der Nordsäit vun Euböa nees misse Richtung Athen zeréckzéien. De Xerxes konnt Athen an Attika besetzen a verwüsten. Elo koum et zu Ausernanersetzungen tëscht Athener a Spartaner, well d'Spartaner den Isthmus vu Korinth an domat de Peloponnes verdeedege wollten. D'Athener hunn awer op hir Flott gebaut.
D'Griichen hu keen Auswee gesinn, ausserdeem ware si zueleméisseg wäit ënnerleeën. Den Themistokles huet d'Orakel vun Delphi ëm Rot gefrot, an d'Äntwert war "Sicht Schutz hanner hëlzerne Maueren!". Dëse Sproch hunn d'Athener sou interpretéiert, datt nëmmen hir Triremë Schutz géint d'Perser bidde konnten. D'athenesch Flott war zanter der Schluecht vu Marathon gutt gewuess, well de Groussdeel vun de Ressourcë vun der Stad - aus dem Sëlwerbiergbau vu Lauereion - fir de Bau vu Schëffer agesat gi war. Sou huet sech d'Stad op d'Mier verlagert. D'Männer waren op de Schëffer, an d'Fraen a Kanner goufen an der Géigend vu Salamis a Sécherheet bruecht.