Schluecht vu Marathon
From Wikipedia, the free encyclopedia
Zu der Schluecht vu Marathon 490 v. Chr. koum et nom Versuch vum persesche Grousskinnek Dareios I., mat engem Expeditiounskorps zu Athen z'intervenéieren, an en Herrschaftswiessel ze bewierken. D'Perserräich ass fir d'éischt Kéier op griicheschem Buedem vum Mammeland opgetrueden, wou et säin Afloss ausbreede wollt.
Méi Informatiounen Kontrahenten, Kommandanten ...
Schluecht vu Marathon | |
---|---|
Jean-Pierre Cortot Le Soldat de Marathon annonçant la victoire (1834). | |
Datum | 12. September 490 v. Chr.1 |
Plaz | Bei Marathon |
Resultat | athenesch Victoire |
Kontrahenten | |
Athen, Plataiai Miltiades; Kallimachos † |
Perser Datis †; Aartaphernes |
Kommandanten | |
{{{Kommandant1}}} | {{{Kommandant2}}} |
Truppen op der Plaz | |
5.000 - 8.000 | onbekannt awer net däitlech iwwerleeën 500 - 800 Reider |
Verloschter | |
{{{Verloschter1}}} | {{{Verloschter2}}} |
Konflikt | |
Perserkricher |
Zoumaachen
D'Hannergrënn vun der Schluecht vu Marathon loosse sech am Hibléck op dräi grouss Konfliktfelder beschreiwen: E geopolitescht, e griichescht an en athenescht. All dräi Felder ware matenaner verknëppt.