![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/41/Ch%25C3%25A2teau_de_Montsoreau%252C_depuis_la_rive_droite_de_la_Loire.jpg/640px-Ch%25C3%25A2teau_de_Montsoreau%252C_depuis_la_rive_droite_de_la_Loire.jpg&w=640&q=50)
Schlass vu Montsoreau
Schlass a Frankräich / From Wikipedia, the free encyclopedia
D' Schlass vu Montsoreau (Franséisch: Château de Montsoreau) ass e Schlass op der Loire, bei der Uertschaft Montsoreau um lénksen Uwänner vun der Loire[1],[2]. Et läit eng 250 Kilometer südwestlech vun der Stad Paräis, am Departement Maine-et-Loire.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
![]() D'Schlass vu Montsoreau mat der Loire. | |||||
Land | ![]() | ||||
Departement | ![]() | ||||
Plaz | Montsoreau | ||||
Koordinaten | 47° 21’ 56’’ N 00° 03’ 44’’ O | ||||
Bauzäit | vu 1453 un | ||||
Architekt(en) | Onbekannt |
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/2/28/Ch%C3%A2teau_de_Montsoreau%28Maine-et-Loire%29.jpg/640px-Ch%C3%A2teau_de_Montsoreau%28Maine-et-Loire%29.jpg)
Et steet op enger strategescher wichteger Plaz, op engem Fiels ronn annerhallwe Kilometer flossof vum Zesummefloss vun der Loire an der Vienne, um Schnëttpunkt vun den dräi Regiounen Anjou , Poitou an Touraine. D'Gebai ass eng Mëschung tëscht Festung a Loschtschlass an et ass dat eenzegt Loire-Schlass dat direkt um Uwänner vun der Loire gebaut gouf[3].
Nieft dem Schlass stinn nach zwou weider Konstruktiounen an zwar e gallo-réimeschen Tempel, an e Festungstuerm, deen den Eudes I. Grof vu Blois gebaut hat. D'Schlass gouf an der Renaissance vum Jean II. vu Chambes gebaut[4].
D'Schlass ass haut e Musée fir zäitgenëssesch Konscht, deen all Joer vu ronn 50.000 Visiteure besicht gëtt[5].
D'Schlass gouf 1862 als Monument historique klasséiert[6].
En Deel vun de Schlässer vun der Loire, tëscht Sully-sur-Loire a Chalonnes, besonnesch Montsoreau an d'Schlass vu Montsoreau, sinn am Joer 2000 op d'Lëscht vun de Weltierwe vun der Unesco opgeholl ginn[7].