Schlass vu Chambord
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Schlass vu Chambord ass dat gréisst vun de Schlässer vun der Loire. D'Haaptbauperiod war vu 1519 bis 1547 ënner dem franséische Kinnek François I. Et läit eng 5 Kilometer südëstlech vun der Loire an engem Domaine vu 5 440 ha am Dall vum Cosson, engem Niewefloss vum Beuvron dee selwer an d'Loire leeft, an ongeféier 14 Kilometer vun der Stad Blois, am Departement Loir-et-Cher (41), a Frankräich. D'Mauer ronderëm den Domän ass 32 km laang, déi längst a Frankräich. D'Schlass ass fir d'Ëffentlechkeet op, all Joer kommen iwwer 700.000 Visiteuren.
Méi Informatiounen Bauzäit, Architekt(en) ...
| |||||
---|---|---|---|---|---|
![]() | |||||
Land | ![]() | ||||
Plaz | 47° 36’ 58.27’’ N 01° 31’ 00.41’’ O | ||||
Bauzäit | vu 1519 un | ||||
Architekt(en) | ënner dem François I.: François de Pontibriand Pierre Nepveu genannt Trinqueau ënner dem Henri II.: Jacques Coqueau (maçon du Roi) ënner dem Louis XIV.: Jules Hardouin-Mansart |
Zoumaachen