From Wikipedia, the free encyclopedia
E Schachmatt, oder einfach nëmme Matt, ass eng Stellung am Schachspill, bei där e Kinnek am Schach steet, an en dem Schach net entkomme kann. Mat engem Schachmatt ass d'Schachpartie eriwwer, an dee Spiller, deem säi Kinnek schachmatt gesat gouf, huet verluer.
De Begrëff kënnt ursprénglech aus dem Perseschen: شاه مات Schāh Māt heescht „De Kinnek (Schah) ass iwwerfall/geschloen/hëlleflos“. D'Iwwersetzung „De Kinnek ass doud“ ass dogéint ongenee.[1]
Et gëtt dräi Méiglechkeeten e bedreete Kinnek aus dem Schach ze retten:
De Kinnek ass also schachmatt, wann et no engem Schach keng vun dëse Méiglechkeete gëtt.
Wann e Matt duerch e Sprénger verursaacht gëtt, a wann de bedreete Kinnek deem nëmmen dowéinst net entgoe kann, well him déi eege Figuren jiddwer Auswee verstellen, da schwätzt ee vun engem erstéckte Matt.
An der Schachnotatioun, also der Opzeechnung vun de Schachzich, gëtt eng Mattsituatioun mat „#“ oder seelen och mat „++“ gekennzeechent.
Matt ass en heefegt taktescht Motiv a Kombinatiounen. Ënner engem Mattbild oder Mattmotiv versteet een heefeg virkommend Mustere vu Figurenopstellungen an Zuchfolgen, déi zum Schachmatt féieren. An der Schachkompositioun si besonnesch sougenannte reng Mattbiller gefrot, dat heescht ökonomesch Mattbiller, zu deenen all Figuren um Briet bäidroen a bei deenen dem Kinnek jiddwer Feld nëmmen duerch eng eenzeg Figur geholl gëtt (Mustermatt, Idealmatt). Elementar Mattféierunge kënnen ouni Kenntnis vu verschiddene Mattbiller kaum systematesch realiséiert ginn. Bekannt Mattmotiver fanne sech (zesumme mat taktesche Motiver) an der Kategorie:Mattbiller.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.