strateegescht Brietspill From Wikipedia, the free encyclopedia
Schach, vum persesche Schah fir „Kinnek“ - dohier „d'kinneklecht Spill“, ass e strateegescht Brietspill, a gëtt vun zwéi Spiller op engem quadratesche Briet mat 64 Felder an 32 Figuren (16 wäisser a 16 schwaarzer) gespillt. D'Zil ass et, de géigneresche Kinnek matt ze setzen an den eegene Kinnek ze schützen.
E Spiller huet entweeder déi wäiss oder déi schwaarz Figuren, dorënner (vun der am mannste wichtegster Figur bis hin zur wichtegster) aacht Baueren, zwéi Leefer an zwéi Sprénger (oder Päerd), zwéin Tierm, eng Damm an ee Kinnek. De Spiller mat de wäisse Figure fänkt un. D'Spiller réckelen ofwiesselnd mat enger vun hire Figuren, entweeder op e Feld, dat nach fräi ass oder op e Feld, dat vun enger géignerescher Figur besat ass, déi da geschloen ass a vum Spillbriet geholl gëtt.
Et gëtt ugeholl, datt Schach ënner dem Numm Tschaturanga an Indien erfonnt ginn ass. Als geséchert gëllt, datt d'Spill um Enn vum 5. Joerhonnert a Persie bekannt gouf, wou et och zu sengem haitegen Numm koum (Shatranj oder och Schatrandsch - Schah heescht op Persesch Kinnek). Vu Persien aus ass d'Schachspill dunn an d'Ostréimescht Räich komm, vu wou d'Waräger et bis mat a Russland geholl hunn. Wéi d'Mosleme Persien eruewert haten, hu se d'Schachspill an der ganzer islamescher Welt verbreet bis a Spuenien. Spéitstens zanter dem 13. Joerhonnert ass et schliisslech bei de Ritter a ganz Europa beléift.
Fréier konnten d'Baueren och beim éischten Zuch just ee Feld no vir zéien, d'Leefer sinn zwee Felder diagonal gesprongen an d'Damm ee Feld diagonal.
Géint der Enn vum 15. Joerhonnert hu sech déi modern Schachreegelen duerchgesat, duerch déi et méiglech gouf, direkt vun Ufank u séier unzegräifen. Doduerch ass d'Schachspill ëmmer méi populär ginn.
D'Schachfiguren däerfen nëmmen no bestëmmten Zuchreegele gezu ginn:
De Kinnek kann an all Richtungen zéien, mais nëmmen ee Feld wäit.
Wann de Kinnek vun enger géignerescher Figur bedreet gëtt (de Kinnek ass dann am Schach), da muss en imperativ entweeder op e Feld zéien, wou en net bedreet ass, eng aner Figur vu senger Faarf tëscht sech an déi betreffend géigneresch Figur setzen (dat hëlleft allerdéngs net, wann de Kinnek vun engem Päerd bedreet gëtt), oder déi betreffend géigneresch Figur schloen (selwer oder mat enger aner Figur vu senger Faarf).
D'Damm kann diagonal, horizontal a vertikal sou wäit zéie wéi ee wëll, mä ouni iwwer eng aner Figur ze sprangen. Si huet also déi selwecht Eegenschafte wéi e Leefer an en Tuerm zesummen.
En Tuerm kann horizontal oder vertikal sou wäit zéie wéi ee wëll, mä ouni iwwer eng aner Figur ze sprangen.
E Leefer kann diagonal sou wäit zéie wéi ee wëll, mä ouni iwwer eng aner Figur ze sprangen.
E Sprénger oder Päerd zitt u sech net, mä e „spréngt“: zwee Felder an enger Linn oder enger Rei an eng Richtung an dann ee Feld no lénks oder riets. D'Päerd ass déi eenzeg Figur, déi iwwer aner Figuren ewechsprange kann.
E Bauer kann all Kéier just ee Feld no vir réckelen, ausser wann en an der Ausgangsstellung ass, wou et der au Choix een oder zwee sinn. De Bauer schléit Figuren, déi ee Feld diagonal virun him stinn an e kann „en passant“ schloen. De Bauer ass déi eenzeg Figur, déi ni hannerzeg zéie kann.
Gewonnen huet dee Spiller, deen de géigneresche Kinnek schloe kann, ouni datt de Géigner dat verhënnere kéint. De Géigner ass da Schachmatt ("aš-šāh māt" heescht op Arabesch "de Kinnek ass dout"). Dobäi gëtt den Zuch, mat deem de Kinnek geholl kéint ginn, net méi ausgefouert.
Et gewënnt een och, wann de Géigner opgëtt, wat wärend der ganzer Partie méiglech ass.
Nëmme beim Blëtzschach gewënnt een och, wann de Géigner eng verbueden Aktioun mat enger vu senge Figure mécht. Duerno ass et nämlech net méi méiglech déi exakt Zäit festzestellen an d'Auer deementspriechend zeréckzedréinen.
Eng weider Méiglechkeet ass datt d'Zäit vum Géigner ofleeft. Dat gëllt awer nëmmen, wann de Géigner theoreetesch nach mattsetze kéint. Falls een awer souguer bei ongeschécktstem Spill vum Géigner hien net mattsetze kann (z. B. wann een nëmmen nach e Kinnek an e Leefer huet, an de Géigner just nach e Kinnek), ass d'Spill remis (Gläichstand).
Et kënnt zu engem Remis:
Et ass eng Variant vu Schach wou d'Rivale wäit vun eneen ewech sinn an hir Zich per E-Mail (fréier: per Bréif) iwwerdroe ginn. D'Denkzäit gëtt an Deeg gemooss an e Spill ka Méint oder Joren daueren bis et eriwwer ass.
D'International Correspondence Chess Federation (ICCF),[1] déi 1951 gegrënnt gouf, ass verantwortlech dofir, hir eegen Olympiaden a Weltmeeschterschaften z'organiséieren. 2022 gouf den Jon Edwards (USA) den 32. Weltmeeschter[2]. 2023 huet d'Lëtzebuerger Nationalequipe d'Sëlwermedail op der 21. Olympiad gewonen[3].
Motiver aus dem Schachspill fannen an der Heraldik Verwendung. Gär gouf besonnesch de Roch, wéi den Tuerm am Mëttelalter genannt gouf, als Wopefigur gewielt. Vu „geschacht“ schwätzt een, wann d'Wopeschëld no dem Prinzip vun engem Schachbrietmuster gedeelt gëtt.
D'Schachspill gëtt gär a Filmer agesat, fir déi strateegesch Iwwerleeënheet vum Mënsch géintiwwer vun engem Computer ze demonstréieren. Dat bekanntst Virkommen ass warscheinlech am Film 2001: A Space Odyssey, an deem eng tatsächlech gespillt Schachpartie tëscht engem Computer an engem Mënsch nogespillt gëtt. An der Harry-Potter-Verfilmung Harry Potter and the Philosopher's Stone steet de Potter virun der Aufgab, als Deel vun enger Schachpartie mat senger Säit ze gewannen, fir bei den „Alchimistesteen“ ze kommen. Aner bekannt Filmer mat dem Schachmotiv sinn 1984 (1984) an Independence Day.
Romaner, déi Schach als Haapttheema a souguer am Titel hunn, sinn zum Beispill d'Schachnovelle vum Stefan Zweig oder Der Schachautomat vum Robert Löhr.
Och an der Konscht war d'Schachspill schonn ëmmer e beléift Theema. Ënner de Surrealiste ware mat dem Joan Miró, dem Marcel Duchamp oder dem Max Ernst begeeschtert Spiller, déi an hire Wierker Schachmotiver benotzt hunn. Mat dem Theema ervirgetruede sinn och d'Sculptrice Germaine Richier an den Alfred Hrdlicka, deen och ee staarke Spiller ass. Ënner den zäitgenëssesche Kënschtler beschäftegt sech d'Elke Rehder besonnesch mat dësem Sujet.
De Musical Chess (englesch fir Schach) aus dem Joer 1984 thematiséiert d'Rivalitéit vun zwéi Schachspiller.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.