Schabloun:WDS 16. Januar B
From Wikipedia, the free encyclopedia
- ... d'Baldwin Street an Neiséiland, mat engem Gefäll vu bis zu 35 %, als déi géist Strooss op der Welt gëllt?
- ... ufanks vun den 1960er Jore beim Uleeë vum Our-Stauséi en Deel vun der Uertschaft Biwels huet missen op e kënschtleche Plateau verluecht ginn?
- ... d'Gro Gaardewanz (Rhaphigaster nebulosa) am 20. Joerhonnert éischter seelen zu Lëtzebuerg war, zanter ongeféier 2010 do besonnesch opfälleg am Hierscht ass, wa s'en Masse versicht, an Haiser anzedrénge fir z'iwwerwanteren?
- ... Lëtzebuerg kuerz virum Éischte Weltkrich de weltwäit sechstgréisste Produzent vu Goss an aachtgréisste vu Stol war?
- ... dem Georges Méliès säin Le Voyage dans la Lune (1902, nom Roman vum Jules Verne) als deen éischte Science-Fiction-Film gëllt?