![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/1/18/Houdeng-Goegnies_JPG02.jpg/640px-Houdeng-Goegnies_JPG02.jpg&w=640&q=50)
Schëffslifter vum Canal du Centre
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Schëffslifter vum Canal du Centre si véier Schëffslifter um historeschen Deel vum belsche Canal du Centre déi tëscht 1888 an 1917 gebaut goufen. Si erlaben et op enger Streck vu ronn 11 km en Héichtenënnerscheed vun am Ganze 66 Meter z'iwwerwannen. Si maachen d'Verbindung tëscht dem Baseng vun der Meuse an deem vum Escaut. Den ieweschte Schleisekanal virum Lift N°1 läit op enger Héicht vun 121,15 Meter an ass domat déi héchst Plaz vun der Schëfffaart an der Belsch.
Lift | Plaz | Koordinaten | Hiefhéicht | PK | Bild |
---|---|---|---|---|---|
Nr. 1 | Houdeng-Goegnies | 50° 29’ 15.13’’ N 04° 10’ 33.15’’ O | 15,397 m | 0.263 | ![]() |
Nr. 2 | Houdeng-Aimeries | 50° 28’ 57..40’’ N 04° 08’ 32.43’’ O | 16,934 m | 3.178 | ![]() |
Nr. 3 | Strépy-Bracquegnies | 50° 28’ 52.44’’ N 04° 08’ 14.38’’ O | 16,933 m | 3.562 | ![]() |
Nr. 4 | Thieu | 50° 28’ 16.91’’ N 04° 05’ 40.34’’ O | 16,933 m | 7.100 | ![]() |
Vun den aacht Schëffslifter déi um Enn vum 19. an Unfank 20. Joerhonnert gebaut goufen, sinn et déi eenzeg déi nach mat der Originalmaschinnerie funktionéieren.
Zanter 2002, wéi de Schëffslift vu Strépy-Thieu um neien Deel vum Canal du Centre fir Schëffer bis 1.350 Tonnen a Betrib gaangen ass, gouf den alen Deel vum Kanal, dee fir Schëffer bis 300 Tonnen ausgeluecht war, ausser Betrib gesat a gëtt nach just fir Fräizäitschëffsfaart benotzt.
No engem Accident um Lift N°1 bei deem de Lift schwéier beschiedegt gouf, war déi ganz Schëfffaart no uewe blockéiert.
Zanter Enn 2012 waren d'Reparaturen ofgeschloss. An der Tëschenzäit goufen och Revisiounen a Reparaturen un den anere Lifter gemaach.