Saljut 4
From Wikipedia, the free encyclopedia
Saljut 4 war eng sowjetesch Raumstatioun, déi de 26. Dezember 1974 mat enger Proton-K-Rakéit an eng Äerdëmlafbunn bruecht gouf. Si ass den 2. Februar 1977 beim Neesantrëtt an d'Äerdatmosphär vergloust. Wärend hirer Betribszäit gouf si mat zwou Ekippe bemannt: fir d'éischt mam Alexei Gubarew an dem Georgi Gretschko mam Raumschëff Sojus 17, duerno mam Pjotr Klimuk an dem Witali Sewastjanow mat Sojus 18. E weidere Besuch war mam onbemannte Raumschëff Sojus 20.
Saljut 4 | |
---|---|
Typ | Raumstatioun |
Land | Sowjetunioun |
Äerdëmkreesunge | 12187 |
COSPAR-Bezeechnung | 1974-104A |
Apogeum | 219 km |
Perigeum | 168 km |
Bunnschréi | 51,6° |
Mass | 18.500 kg |
Bunn-Ëmlafzäit | 89,1 min |
Start | 26. Dezember 1974, 04:19 UTC |
Startplaz | Baikonur |
Drorakéit | Proton-K-Rakéit |
Status | vergloust den 2. Februar 1977, 22:00 UTC |