![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/c/c8/Caravan.jpg/640px-Caravan.jpg&w=640&q=50)
Rulott
From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Rulott (och Roulotte) oder Karawann ass en Unhänger fir motoriséiert Gefierer, deen ageriicht ass, fir kënnen dran ze wunnen.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/c/c8/Caravan.jpg/640px-Caravan.jpg)
Well se gezu gëtt, ënnerscheet se sech vun engem Mobilhome, resp. Campingcar.
Rulotte besti meeschtens aus engem Metall- oder Liichtmetallchassis an engem Opbau aus Metall oder Holz, dee bausse mat Aluminiumblech a banne mat Plastik oder Holzplacke verkleet ass, tëschent déi Schaummaterial (dacks Polystyrol oder Polyurethan) fir z'isoléieren agebaut gëtt.
Grouss (Luxus-)Rulotte kënne bis zu 8 m laang an 2,50 m breet sinn. Typesch Rulotten hunn eng Opbaulängt vu bis zu 4,50 m an eng Breet vun 2,10–2,30 m. Bis zu 6 Schlofplazen, wouvun der 2 éischter fir Kanner sinn, kënnen amenagéiert sinn. Meeschtens kënnen déi daagsiwwer als Sëtzbänke benotzt ginn.
Zu der Ariichtung gehéiert och bal ëmmer e Kicheblock mat enger Gaskachplack, engem Frigo (Standard ca. 70–90 l) an engem Spullsteen.
Méi seele fënnt een och Mini-Spullmaschinnen oder -Bakiewen. Et gëtt weider eng Këscht fir Gas-Bombonnen (fir 5-kg- oder 11-kg-Fläschen). D'Waasser gëtt an engem Tank versuergt, deen tëscht 10 a 70 l Capacitéit huet. Et gëtt och Uschlëss fir Frësch- an Ofwaasser, z. D. fir Gas, déi u Leitungen op enger Campingplaz ugeschloss kënne ginn.
Och e Buedzëmmer mat engem Lavabo, enger Kassettentoilette an dacks enger Dusch gehéiert derzou. D'Waasser gëtt mat engem elektreschen oder Gasboiler waarm gemaach. Och eng Gasheizung ass meeschtens mat agebaut.