Camping
From Wikipedia, the free encyclopedia
Camping (oder Campéieren, Campen) ass eng Form vun Tourismus, déi dodra besteet, an Zelter, Hängematten, Rulotten, Mobilhomen, Vans oder änlechem, am Fräien z'iwwernuechten.
Camping gouf am Ufank vum 20. Joerhonnert populär an ass mëttlerweil eng wäit verbreet Form, fir Vakanz ze maachen oder ze reesen.
Prinzipiell kann een op zwouerlee Aart campéieren: op engem designéierten Terrain (Campingsterrain) oder "wëll", an der fräier Natur, respektiv op engem Privatterrain ouni besonnesch Infrastruktur.
Campingsterraine leien dacks a landschaftlech schéine Géigenden. Si bidde meeschtens sanitär an elektresch Versuergungsinfrastrukturen, an hu soss eng Ariichtung, déi jee nodeem vun engem einfachen Dusch- a Wäschblock bis hin zu engem Supermarché, engem Restaurant, enger Schwämm, Televisiouns- an Internetzougank, asw. geet.
An de meeschten europäesche Länner ass Camping reglementéiert, a "wëll" Campéieren net erlaabt.
Zanter den 2000er Jore gëtt et de Begrëff Glamping, e Portemanteau-Wuert aus Camping a glamour, fir eng besonnesch luxuriéis Aart a Weis vu Camping ze bezeechnen.