From Wikipedia, the free encyclopedia
De Rubjerg Knude Fyr ass e Liichttuerm tëscht Lønstrup a Løkken (Gemeng Hjørring), op der Nordmierküst an Nordjylland (Dänemark).
Rubjerg Knude Fyr | |
Positioun : | 09° 58’ 27.74’’ E 57° 26’ 51.67’’ N |
---|---|
Lokalisatioun : | Løkken |
Baujoer : | 1900 |
Héicht : | 23 m |
Liichtwäit : | 42 km |
Feier : | all 30 Sek. e laangt wäisst Liicht mat duerno 2 kuerze Blëtzer |
Optik : | 24 Fresnel-Lënsen |
Lanter : | oppe Flam vun 1948 un elektresch |
Ka besicht ginn : | jo |
Bewunnt : | neen |
Status : | Ausser Betrib |
E gouf 1900 gebaut. Vun den 1910er Joren un huet sech tëscht dem Liichttuerm an dem Mier duerch de Wand eng Dün forméiert. Dës Dün beweegt sech a Richtung Nordost an ass ewell komplett laanscht de Liichtttuerm gezunn. Vun Niewegebaier, déi emol do stoungen, si just nach Zillen do.
Well den Tuerm selwer riskéiert huet, déi géi Küst erofzefalen, wollt déi dänesch Naturschutzadministratioun en ëm 2018 ofrappe loossen. Wéinst Protester gouf dann awer decidéiert, den Tuerm eng 70 Meter an d'Hannerland ze versetzen. D'dänesch Regierung huet dofir 5 Millioune Kroune labber gemaach.[1] Dëst geschouch den 22. Oktober 2019 an enger spektakulärer Aktioun.[2],[3]
Commons: Rubjerg Knude Fyr – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.