From Wikipedia, the free encyclopedia
E Roude Ris ass e Stär mat enger grousser Ausdeenung an – am Verglach zu anere Stäre vun der Haaptrei – relativ niddreger Temperatur. Beispiller heifir sinn den Aldebaran, am Stärebild Taurus, an den Arcturus.
Duerch déi niddreg Temperature vun 2000 bis 3500 Kelvin läit de Maximum vu senger Schwaarzkierperstralung am roude Faarweberäich, entspriechend der Spektralklass M souwéi de seelene Klassen R, S an N. Opgrond vu senger Ausdeenung an domat verbonnener grousser Uewerfläch ass déi ofgestrahlte Liichtquantitéit an domat d'Liichtkraaft héich, soudatt e roude Ris en helle Stär oder an der Fachterminologie e Stär mat grousser absolutter Hellegkeet, ass. Wéinst der niddreger Temperatur an der héijer Liichtkraaft si rout Risen am rietsen ieweschte Beräich vum Hertzsprung-Russell-Diagramm.
Bei Stäre vu mëttlerem Alter (z. B. der Sonn) gëtt am Kär Waasserstoff zu Helium ëmgewandelt. Am Laf vun der Zäit ass de Waasserstoff-Bestand an der Brennzon vum Stär awer bal opgebraucht, wat dozou féiert, datt Helium-Käre mat Helium- oder Waasserstoff-Käre verschmëlzen.
D'Elementer, déi bannen am Stär produzéiert ginn, ginn ëmmer méi schwéier. Wann d'Kärfusioun beim Element Eisen ukomm ass, héiert si op, well d'Verschmëlze vun zwéin Eise-Kären en endothermen Oflaf ass, d. h., et gëtt dobäi méi Energie gebraucht wéi fräigesat.
Vill Haaptreiestäre ginn um Enn vun hirer Entwécklung e Roude Ris. Nom Enn vum Waasserstoffbrennen entsteet duerch eng, duerch d'Gravitatioun bedéngte Kontraktioun, d'Heliumbrennen am Kär vum Stär. Déi domat verbonnen Temperaturerhéijung féiert zu enger séierer Ausdeenung vun de baussenzege Gasschichten op vill 100 Sonneradien. Si killen dobäi of a maachen de siichtbare Mantel vum Stär dee rout liicht.
Wéinst hirer Ausdeenung hunn déi baussenzeg Gasschichten eng ganz kleng Dicht a sinn nëmmen nach schwaach duerch d'Gravitatioun vum Stär gebonnen. Dofir entwéckelt sech am Laf vum Roude-Ris-Stadium e staarke Stärewand, duerch deen déi baussenzeg Gasschichte vollstänneg ofgestouss ginn; si ëmginn hien da fir eng gewëssen Zäit als planetareschen Niwwel.
Nodeem all Kärreaktiounen um Enn sinn - geet e roude Ris, ofhängeg vu senger Mass – an e Wäissen Zwerg, en Neutronestär oder an e Schwaarzt Lach iwwer.
Duerch hir Ausdeenung hunn déi baussenzeg Gasschichten eng ganz kleng Dicht a sinn nëmmen nach schwaach duerch d'Gravitatioun vum Stär gebonnen. Dofir entwéckelt sech am Verlaf vu sengem Roude-Ris-Stadium e staarke Stärewand, duerch deen déi baussenzeg Gasschichte vollstänneg ofgestouss ginn; si ëmginn hien da fir eng gewëssen Zäit als Planetareschen Niwwel. Bei roude Risen ënner aacht Sonnemasse schrompe se zesummen zu wäiss Zwergen. Bei méi wéi aacht Sonnemassen setzen um Enn vum Heliumbrenne weider Fusiounsprozesser an, bis de Roude Ris als Supernova explodéiert.
Numm | Mass | Radius | Liichtkraaft |
---|---|---|---|
Aldebaran (α Tau A) | 2,5 M☉ | 25 R☉ | 156 L☉ |
Arktur (α Boo) | 1,5 M☉ | 25,7 R☉ | 210 L☉ |
Enif (ε Peg A) | 10–11 M☉ | 150 R☉ | 6.700 L☉ |
Gacrux (γ Cru) | 3 M☉ | 113 R☉ | 1.500 L☉ |
La Superba (Y CVn) | 3 M☉ | 215 R☉ | 4.400 L☉ |
Menkar (α Cet) | 3 M☉ | 84 R☉ | 1.800 L☉ |
Mira (ο Cet A) | 1,2 M☉ | 400 R☉ | 8.400 L☉ |
Ras Algethi (α Her A) | 7–8 M☉ | 300 R☉ | 17.000 L☉ |
Commons: Roter Riese – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.