![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/73/Rokoko_Pavillon_Echternach_2013-08_--_1.jpg/640px-Rokoko_Pavillon_Echternach_2013-08_--_1.jpg&w=640&q=50)
Rokoko-Pavillon zu Iechternach
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Pavillon am Park vum fréiere Klouschter zu Iechternach ass e Gebai, dat 1765 als Lusthaus am Stil vum däitsche Rokoko, ënner dem Abt Michel Hormann ënner Mataarbecht vum Paul Mungenast gebaut gouf.[1]
![]() | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Iechternach |
Baustil | Rokoko |
Datum vum Bau | 1765 |
![]() |
Wéi déi aner Gebaier vum Klouschter, an och de fréiere Klouschtergaart, gouf de Pavillon den 20. Mee 1965 op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.[2] De Pavillon gehéiert dem Lëtzebuerger Staat.[3]
Haut ass um éischte Stack vum Pavillon e klenge Musée iwwer de Baustil vun der Iechternacher Abtei mat ë. a. Maquettë vu lëtzebuergesche Bauerenhaiser.
2014-2015 gëtt de Pavillon vum Service des sites et monuments nationaux komplett restauréiere gelooss, dofir ass d'Ausstellung um éischte Stack och net zougänglech.[4] 2016 an och 2017 ginn d'Renovéierungsaarbechten ënner der Opsiicht vum Service des sites et monuments nationaux weider; 2016 gouf d'Fassad gro ugestrach, dat fir se virum Wieder ze schützen; 2017 sollen d'Renovéierungsaarbechte weidergoen.[3]