Robert Redford
US-amerikanesche Schauspiller, Filmregisseur a Filmproduzent / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Charles Robert Redford, Jr., gebuer den 18. August 1936[1] zu Santa Monica, ass en US-amerikanesche Schauspiller, Filmregisseur a Filmproduzent. De Redford zielt zanter de spéiden 1960er Joren zu de populäersten Hollywoodschauspiller. Hien huet och bei bis ewell néng Spillfilmer Regie gefouert, woubäi e fir säin éischten, Ordinary People, 1981 den Oscar krut.
Robert Redford | |
---|---|
Gebuertsnumm | Charles Robert Redford |
Gebuer |
18. August 1936 Santa Monica |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Pratt Institute, American Academy of Dramatic Arts, University of Colorado Boulder |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Filmregisseur, Filmproduzent, Geschäftspersoun, Theaterschauspiller, Schauspiller, Delegéierte Produzent, Televisiounsschauspiller, Synchronspriecher, Ëmweltaktivist, Regisseur, Mannequin, Dréibuchauteur |
Nodeems en ee Joerzéngt laang zwar Succès beim Theater hat, mä beim Film sech just a klenge Rolle sou just iwwer Waasser hale konnt, hat en 1967 mat senger Roll a Barefoot in the Park en éischte Succès. Grouss erauskoum en am Film duerno, Butch Cassidy and the Sundance Kid (1969). Aner bekannt Filmer koumen no: The Sting (1973), Jeremiah Johnson (1972), The Way we were (1973) a Three Days of the Condor (1975), allen dräi ënner der Regie vum Sidney Pollack; weiderhi The Great Gatsby (1974), All the President's Men vum Alan J. Pakula, The Electric Horseman (1979), Brubaker (1980), Out of Africa (1984), Indecent Proposal (1993) oder The Horse Whisperer (1998).
Zanter 1976 ass de Robert Redford och Filmproduzent, an zanter 1980 Filmregisseur. Hien engegéiert sech ausserdeem ë. a. fir Ëmweltprojeten an huet uganks vun den 1980er Joren de Sundance Institute gegrënnt, deen all Joer de Sundance Film Festival organiséiert.
2002 krut en den Éierenoscar fir seng Leeschtung op de verschiddene Gebidder, wou e schafft.