Roald Dahl
brittescher Schrëftstelle / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Roald Dahl [ ˈroʊ.ɑːl ˈdɑːl ], gebuer den 13. September 1916 zu Llandaff bei Cardiff, a Wales, a gestuerwen den 23. November 1990 zu Great Missenden, am Buckinghamshire, war e brittescher Schrëftsteller.
Roald Dahl | |
---|---|
Gebuer | 13. September 1916 |
Gestuerwen |
23. November 1990 Oxford |
Nationalitéit | Norwegen, Wales, Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun |
Repton School, Weston-super-Mare |
Aktivitéit | Dréibuchauteur, Romancier, Autobiograph, Dichter, Novellist, Kannerbuchauteur, Schrëftsteller, Juegdpilot |
Famill | |
Bestuet mat | Patricia Neal |
Kanner | Olivia Dahl, Tessa Dahl, Ophelia Dahl, Theo Dahl, Lucy Dahl |
Hie schrouf Romaner a Kuerzgeschichten, déi op engem subtile schwaarzen Humor baséieren an dacks en iwwerraschende Schluss hunn. Hien ass souwuel fir seng Kannerbicher bekannt wéi och fir Wierker, déi een dem Genre schwaarze resp. makaberen Humor zouuerdne kann.
Eng jett vu senge Bicher goufe mat Succès verfilmt, dorënner Annie, James and the Giant Peach, The Gremlins, Fantastic Mr Fox an Charlie and the Chocolate Factory.
Vu sengen am Ganze ronn 60 Kuerzgeschichte fir Erwuesener si Kiss Kiss a Someone Like You déi bekanntst. The Smoker (och bekannt als Man from the South), gouf an enger Episod vun Alfred Hitchcock Presents verfilmt an och als Segment am Quentin Tarantino sengem Four Rooms vun 1995 adaptéiert.
Den Dahl huet zwou Autobiographië geschriwwen: Boy - Tales of a childhood a Going Solo. Hien huet och d'Dréibuch fir zwou Adaptatioune vu Romaner vum Ian Fleming geschriwwen: fir den James-Bond-Film You Only Live Twice a fir Chitty Chitty Bang Bang.