From Wikipedia, the free encyclopedia
Lénks a riets sinn Indikatiounen, fir eng Richtung unzeginn. D'Wierder kënnen och eng Positioun uginn, woubäi een dann awer muss wëssen, par Rapport zu wat oder wou, deemno der Bléckrichtung an dem Ëmstand, datt kloer ass, wou uewen an ënnen ass.
Et gëtt Vëlker a Sproochen, déi dës Wierder net kennen; an hinne gëtt sech dann op extern Referenzpunkte bezunn, wéi "op der Säit vun de Bierger" oder "op der Säit vum Bam".
D'Wuert "riets" kënnt vu "riicht" an ass deemno enk Famill domat; am Géigesaz zum Lëtzebuergesche gëtt a verschiddene Sprooche keen Ënnerscheed tëscht deenen zwee gemaach (fr: "droit", it. "dritto"). "Lénks" kënnt vun engem Wuert, dat ursprénglech "kromm", "gebéit" bedeit; dacks mat der Konnotatioun vu Gefor oder Ongonscht. Am Italieeneschen z. B. heescht lénks "sinistro".
Al Ausdréck, déi nach heiansdo am Gebrauch ginn, sinn "hott" an "har", fir d'Uerderen déi de Kutscher vu Päerdskutschen de Päerd gëtt: "hott" ass riets an "har" lénks.
Aus der Etymologie geet ervir datt riets fir déi "gutt" oder "schéin" Hand gebraucht gëtt, déi een z. B. bei der Begréissung gëtt. Déi lénks (oder schlanks) Hand gëtt gebraucht fir déi "däischter" oder "knaschteg" Aktivitéiten, wéi z. B. dran ze houschten, d'Nues ze schnäitzen oder den Ënnerleif ze botzen. Wärend dëst an der westlecher Kultur net méi sou staark present ass, ass et et an aneren, wéi z. B. där arabescher (wou een z. B. just mat der rietser Hand ësst) ëm sou méi.
Den Napoleon Bonaparte hat d'Reegel a sengem Räich agefouert, datt iwwerall riets gefuer soll ginn. Den Hitler huet dat selwecht a "sengem" Räich gemaach (an Éisträich gouf z. B. virun 1938 lénks gefuer). Net zulescht dowéinst gëtt um europäesche Kontinent, ausser op de meeschten Inselstaaten (Groussbritannien, Irland, Malta, Zypern), riets gefuer. Als lescht hat Schweden dat den 3. September 1967 agefouert.
Beim Zuchverkéier ass dat net sou eendeiteg: An der Belsch, Frankräich (ausser am Elsass an a Loutréngen, déi bei der Verbreedung vun der Eisebunn zu Däitschland gehéiert hunn) an a Schwede gëtt z. B. lénks gefuer. Zu Lëtzebuerg gëtt normalerweis riets gefuer, ausser op der Klengbettener Streck, wou lénks gefuer gëtt. Neierdéngs sinn déi meescht Strecke "banaliséiert", d. h.: et ka souwuel riets wéi lénks gefuer ginn.
Schrëften am Laténgeschen, Griicheschen oder Kyrilleschen Alphabet gi vu lénks no riets geschriwwen, Schrëften am Arabeschen an am Hebräeschen do dergéint vu riets no lénks.
Hieroglyphe konnten a béid Richtunge geschriwwe ginn.
Braille gëtt vu lénks no riets gelies. E Setzer an enger Dréckerei, déi mat Bläisaz schafft; muss d'Buschtawen a Spigelschrëft, deemno vu riets no lénks setzen.
An der Politik ginn déi ënnerschiddlech politesch Acteure generell an engem Spektrum placéiert, dee vu lénks iwwer den Zentrum bis riets reecht. Deen Ënnerscheed ass wärend der franséischer Revolutioun (1789-1799) entstanen a leet sech vun der Sëtzuerdnung vun den deemolege Volleksvertrieder am franséische Parlament of: op der lénkser Säit vum Parlamentspresident souzen déi Leit, déi fir d'Republik waren, an op der rietser Säit souzen déi, déi fir d'Monarchie an den Ancien Régime waren.[1][2]
Bei enger Dréibeweegung hänkt d'Definitioun, ob eppes no lénks oder no riets dréint oder gedréint gëtt vun der Beweegung vum ieweschten Deel of. Sou dréint den Zär vun enger Auer no riets.
Wann zwéi Krinn op engem Lavabo sinn, dann ass gewéinlech dee mat kalem Waaasser riets, dee mat waarmem lénks. De Krunn selwer gëtt, wéi eng Schrauf, no lénks gedréint fir op, no riets fir zou.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.