![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/b/b2/Identite-ReneGoscinny-1969-Sacem.jpg/640px-Identite-ReneGoscinny-1969-Sacem.jpg&w=640&q=50)
René Goscinny
franséische Schrëftsteller, Comic-Auteur, Dréibuchauteur, Filmregisseur a Journalist / From Wikipedia, the free encyclopedia
De René Goscinny, gebuer de 14. August 1926 zu Paräis an och do de 5. November 1977 gestuerwen, war e franséische Schrëftsteller, Humorist a Comic-Auteur, sou wéi och Dréibuchauteur, Filmregisseur a Journalist.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
René Goscinny | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
14. August 1926 5. Arrondissement |
Gestuerwen |
5. November 1977 17. Arrondissement |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Editeur, Filmregisseur, Cartoonist, Filmproduzent, Dréibuchauteur, Kannerbuchauteur, Humorist, Chefredakter |
![]() |
Zoumaachen
Hie war laang Chefredakter vun der Zäitschrëft Pilote, Mataarbechter vun der Zaitschrëft Tintin, Schëpfer vum Astérix, vum Iznogoud, vum Oumpah Pah a vum Petit Nicolas, an Auteur vun enger ganzer Rëtsch vu Lucky-Luke-Alben, sou wéi vun Dosende vun anere BDen.
Hien ass ee vun deenen am meeschte geliesene franséischen Auteuren op der Welt: D'Gesamtoplo vu sengem Wierk läit bei ongeféier 500 Millioune verkaaften Exemplairen.
Hie war och den éischten, deen d'Unerkennung vum Auteur vu Bandes-dessinées als e Beruf duerchgesat huet.