![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/9/96/H%25C3%25B4tel_de_Gunsburg%252C_14_February_2012.jpg/640px-H%25C3%25B4tel_de_Gunsburg%252C_14_February_2012.jpg&w=640&q=50)
17. Arrondissement vu Paräis
ee vun den 20 Stadbezierker vu Paräis / From Wikipedia, the free encyclopedia
De 17. Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement des Batignolles-Monceaux) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis.
![]() | |
![]() | |
Quartieren |
Ternes, Plaine-de-Monceaux, Batignolles, Épinettes |
---|---|
Buergermeeschter | Geoffroy Boulard |
Awunner | 164.413 |
Fläch | 5,67 km² |
Postcode | 75017 |
INSEE-Code | 75117 |
Koordinaten | 48°52'56,08"N, 2°18'28,22"O |
![]() | |
An dësem Arrondissement gëtt et biergerlech Deeler wéi am Weste vu Paräis, an awer och Aarbechtervéierel wéi am Norden. Doduerch gëtt et eng ganz heterogen Populatioun, schematesch kann een dräi Beräicher ënnerscheeden: E Beräich mat héijem Undeel u Sozialwunnengen a villen Immigranten nërdlech vun der Avenue de Clichy, eng gemëscht Zon tëscht der Avenue de Clichy am Norden an der Rue de Tocqueville am Süden, en Deel déi besonnesch bei jonke Koppele beléift ass an e gutt Beispill fir Gentrifikatioun ass. Da gëtt et nach e Beräich mat grousse Gebaier am Haussmann-Stil an enger wuelsituéierter Bevëlkerung, déi där vum 16. Arrondissement gläicht.