Regierung Dupong-Krier
Koalitiounsregierung / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Regierung Dupong-Krier koum zu Lëtzebuerg de 5. November 1937 nom Récktrëtt vum Staatsminister Joseph Bech, wéinst dem Ausgang vum Referendum iwwer dat sou genanntent Maulkuerfgesetz, an d'Amt.
Et war eng grouss Koalitiounsregierung tëscht der Rietspartei an der Aarbechterpartei. Am Ufank waren och déi Liberal mat dobäi; den Étienne Schmit ass awer am Dezember 1937 gestuerwen. Doropshi koum et de 7. Februar 1938 zu enger Ëmbildung. De 6. Abrëll 1940 koum et zu enger weiderer Ëmbildung, wéi de Victor Bodson dem René Blum seng Portefeuillen iwwerholl huet.
Beim däitschen Iwwerfall op Lëtzebuerg, den 10. Mee 1940, konnten, bis op den Nicolas Margue, d'Regierungsmembere sech all iwwer d'Grenz an den Exil maachen.