Sozialdemokratesch Partei (1903)
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Sozialdemokratesch Partei (op Franséisch Parti Social Démocrate; op Däitsch Sozialdemokratische Partei) war eng lëtzebuergesch politesch Partei. Si huet sech zweemol ëmgenannt: 1916 a Sozialistesch Partei an 1924 a Lëtzebuerger Aarbechterpartei. Zënter 1945 heescht si Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei (LSAP).
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der 1903 gegrënnter Partei. Fir déi eponym Partei, déi 1970 gegrënnt gouf, kuckt wgl. Sozialdemokratesch Partei (1970). |
Tëscht 1970 an 1984 gouf et zu Lëtzebuerg nach eng aner Sozialdemokratesch Partei.