Referendum vum 10. Juli 2005
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Referendum vum 10. Juli 2005 war e Referendum zu Lëtzebuerg deen op deem Dag ofgehale gouf.
Nodeem d'Staats- a Regierungscheffe vun der EU allgemeng net mam Traité vun Nice zefridde waren, hu s'am Dezember 2001 zu Laeken e Konvent an d'Liewe geruff, dee sech aus Vertrieder vu Regierungen, nationale Parlamenter, dem Europäesche Parlament an der Europäescher Kommissioun zesummegesat huet. Hie sollt ausschaffe, wéi d'Kompetenzen an der EU besser verdeelt kéinte ginn, wéi d'Funktionéiere vun hiren Instrumenter (Traitéen, Gesetzer, Institutiounen), dorënner déi aktuell Traitéen, vereinfacht kéint ginn; a wéi ee méi Transparenz, Demokratie an Efficacitéit an d'EU erakréich.
Tëscht dem 28. Februar 2002 an dem 17. Juli 2003 ass de Konvent ënner der Presidence vum Valéry Giscard d'Estaing zesummekomm, fir en Text auszeschaffen, deen dann den 20. Juli 2003 dem Europäesche Conseil zu Thessaloniki iwwerreecht gouf. D'Staats- a Regierungscheffe konnte sech awer net eens ginn, dee sou zustane gekommenen Text tel quel unzehuelen. Se hunn eng Regierungskonferenz aberuff, déi tëscht dem 4. Oktober 2003 an dem Juni 2004 den definitiven Text vum "Traité iwwer eng Constitutioun fir Europa" ausgeschafft huet.
Zu Roum konnt dësen dann den 29. Oktober 2004 vun de 25 Staats- a Regierungscheffen ënnerschriwwe ginn. Fir datt e kann a Kraaft trieden, muss e vun deene 25 Länner duerch de Gesetzgiewer ratifizéiert ginn: sief et duerch d'national Parlamenter, sief et duerch Referenden.
De 27. Juni 2003 huet d'Lëtzebuerger Regierung decidéiert, den Traité engem Referendum z'ënnerwerfen. Den 10. November 2004 gouf den Datum vum Referendum op den 10. Juli 2005 festgeluecht.
Den 28. Januar 2005 huet d'Chamber d'Kader-Gesetz iwwer d'Ofhale vun engem Referendum zu Lëtzebuerg gestëmmt (Loi du 4 février 2005 relative au référendum au niveau national), dat den 3. Mäerz 2005 am Mémorial publizéiert gouf. Den 12. Abrëll dann huet d'Chamber e Spezialgesetz ugeholl, dat ë. a. d'Fro, déi gestallt soll ginn, definéiert huet:
- Sidd Dir fir den Traité iwwer eng Constitutioun fir Europa, ënnerschriwwen zu Roum, den 29. Oktober 2004?