Raumfär
From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Raumfär och Navette ass en Transportgefier fir d'Raumfaart, dat no enger Weltraummissioun wéi e Fliger um Äerbuedem lande kann an nees fir eng weider Missioun ze gebrauchen ass.
Raumfäre si well s'ëmmer erëm ze gebrauche sinn an am Fluch steierbar sinn, däitlech vu Raumschëffer mat Landekapselen (z. B. d'Kapsel vum Apollo-Programm oder d'Sojus-Landekapselen) z'ënnerscheeden. Raumschëffer mat Landekapsele fir d'Réckrees op d'Äerd kënnen nëmmen eemol agesat ginn a losse sech beim Duerchfléie vun der Atmosphär net gutt steieren.