Sojus (Raumschëff)
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Sojus [sɔ'jʏz] (russesch Союз „Unioun“) ass den Numm vun enger Rei vu bemannte russesche Raumkapsele fir eng Besatzung vu bis zu dräi Persounen.
Déi an den 1960er Jore vum OKB - 1 vum Sergei Koroljow-Experimental-Konstruktiounsbüro, haut RKK Energija entwéckelt an uschléissend dacks modifizéiert Sojus-Kapsel, gouf eng bemannt Raumfär fir d'Raumstatioune vun der Saljut-Rei, spéider fir d'Mir an zanter dem Start vun der Sojus TM-31 den 31. Oktober 2000 fir d'ISS.
D'Sojus-Kapsel ass zanter 1967 am Asaz an eent vun de séchersten Transportmëttele fir an d'Äerdëmlafbunn ze kommen. D'Drorakéite sinn d'Sojus-Rakéiten, déi no russescher Traditioun, no hirer Haaptnotzlaascht genannt ginn.