Ranger 8
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Ranger 8 war eng Raumsond vun der US-amerikanescher Raumfaartagentur NASA. Si war déi aacht Sond am Kader vum Ranger-Programms fir d'Erfuerschung vum Äerdmound. Si war wéi d'Ranger 6 an d'Ranger 7 am Block-III-Design gebaut ginn. D'Gewiicht vun der Sond war 367 Kilogramm. Wéi déi fréier Missioune sollt si an de leschte Minutte virum Opschlag Biller vun der Mounduewerfläch maachen an op d'Äerd schécken.
Ranger 8 | |
---|---|
Typ | Äerdmoundsond |
Land | USA |
Agentur | NASA |
COSPAR-Bezeechnung | 1965-010A |
Missiounszil | Fotograféiere vum Äerdmound |
Mass | 367 kg |
Start | 17. Februar 1965 |
Startplaz | CCAFC LC-12 |
Drorakéit | Atlas-Agena-B |
Status | Opschlag um Mound: 20. Februar 1965 |