![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/03/Ranger_6_lift_off_KSC-64PC-0002.jpg/640px-Ranger_6_lift_off_KSC-64PC-0002.jpg&w=640&q=50)
Ranger 6
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Ranger 6 war eng Raumsond vun der US-amerikanescher Raumfaartagentur NASA. Et war déi sechst Sond am Kader vum Ranger-Programm fir d'Erfuerschung vum Äerdmound an déi éischt am Block-III-Design. Well déi Sonde virdrun nëmmen en Deel vun hiren Aarbechte gemaach haten, gouf de Block-II-Design iwwerschafft. Déi wichtegst Ännerunge waren eng verbessert Konstruktioun vun de Solarzellen, d'Montage vun enger Pufferbatterie mat enger Lafzäit vun 9 Stonnen souwéi de Verzicht op d'Landekapsel mat seismologeschen Experimenter. D'Ranger 6 war 381 Kilogramm schwéier. Wéi déi fréier Missioune sollt si virum Opschlag Biller vun der Mounduewerfläch maachen an op d'Äerd senden.
Ranger 6 | |
---|---|
![]() | |
Typ | Moundsond |
Land | ![]() |
Agentur | NASA |
COSPAR-Bezeechnung | 1964-007A |
Missiounszil | Fotograféiere vum Äerdmound |
Mass | 381 kg |
Start | 30. Januar 1964 |
Startplaz | CCAFC LC-12 |
Drorakéit | Atlas-Agena-B |
Status | 2. Februar 1964; Opschlag um Äerdmound |
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/1/18/NASA_FACTS_Volume_2_number_6_PROJECT_RANGER_image_12.jpg/640px-NASA_FACTS_Volume_2_number_6_PROJECT_RANGER_image_12.jpg)