![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/d5/Pope_Francis_in_March_2013.jpg/640px-Pope_Francis_in_March_2013.jpg&w=640&q=50)
Kathoulesch Kierch
Kierch, déi de Poopst als Primat unerkennt / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'kathoulesch Kierch ass eng Konfessioun vun der chrëschtlecher Relioun déi sech nom Schisma am Joer 1054 a Westeuropa entwéckelt huet. Haut ass s'iwwer d'ganz Welt verbreet (besonnesch a Westeuropa an a Latäinamerika, awer och méi a méi an Asien) a mat ongeféier 1 Milliard Unhänger déi gréisst chrëschtlech Konfessioun.
![]() |
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/d5/Pope_Francis_in_March_2013.jpg/640px-Pope_Francis_in_March_2013.jpg)
Zur kathoulescher Kierch gehéieren u sech all d'Chrëschten déi de Poopst vu Roum als "Chef" ugesinn (an déi ënne beschriwwe Glawensinhalter deelen). An eise Géigende mengt ee mat "kathoulesch Kierch" meeschtens déi "réimesch-kathoulesch Kierch", mä nieft dëser gëtt et awer och nach aner (22) kathoulesch sougenannt Deelkierchen, déi de Poopst unerkennen awer en anere Ritus hunn, z. B. déi chaldäesch-kathoulesch Kierch oder déi melkitesch griichesch-kathoulesch Kierch.