Schisma
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Ausdrock Schisma (v. griich.: σχισμα, (v. σχιζω, "ofsplécken"), Trennung; Plural: Schismen oder Schismata, dacks fënnt een och d'Schreifweis Chisma) bezeechent d'Splécke vun enger etabléierter reliéiser Glawensgemeinschaft (Relioun) ouni datt doraus eng nei theologesch Opfaassung entsteet (Heresie). De Schisma gëtt och dacks Kierchentrennung genannt, ass awer net domat identesch, well déi sech éischter op den institutionelle Kader vun enger Kierch bezitt an eng Folleg vun hirer Kiercheverfasssung ass, wärenddeem e Schisma sech méi op d'Communautéiten a Bevëlkerungsgruppen erstreckt, déi mat hir verbonne sinn.
Schisme gouf et net eleng am Chrëschtentum, mä och z. B. am Islam tëscht Schiitten a Sunitten.