From Wikipedia, the free encyclopedia
D' Pëppelen (Populus) sinn eng Planzegattung bannent der Famill vun de Salicaceae. Si kommen heefeg an den temperéierte Géigende vun der Nordhallefkugel an Nordamerika an an Eurasien vir. Et gëtt eng ronn 30 Aarten an e Pak voll vun Hybriden.
Populus × canadensis | |
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Magnoliopsida |
Uerdnung | Malpighiales |
Famill | Salicaceae |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Populus | |
Linnaeus | |
Si wuessem op naassen a suppege Biedem, no bei Flëss, an a Bëscher, a ginn och dacks an der Forstwirtschaft fir Holz, Pabeier an Energie ze gewanne geplanzt.
Pëppele si Lafbeem, déi am Summer gréng sinn, an déi 30 bis 45 Meter héich kënne ginn. De Stamm ass gewéinlech riicht, D'Schuel ass rau oder glat an dacks gro.
D'Lafblieder sinn dräieckeg, häerz- oder eeërfërmeg.
Wéi all aner Weideplanzen (Salicaceae) besteet bei de Pëppelen Diözie, d. h. et gëtt männlech a weiblech Planzen.
D'Bléie sinn a Kluddere vu Miissercher. Männlech a weiblech Miissercher gläiche sech staark. Se gi vum Wand bestëbst (Anemophilie), d'Bléie komme virun de Blieder, jee no geographescher Lag an Aart, tëscht Februar an Abrëll.
D'Fruucht ass eng Kapsel, an där de Som ass. Dësen huet eng Zort horege Putsch ronderëm sech, deen hëlleft vum Wand doruechter transportéiert ze ginn. D'Pëppele kënne sech awer och vegetativ, d. h. iwwer Ausschléi vun de Wuerzelen, reproduzéieren an et kann ee se gutt mat Gammen an héijer Zuel a bëlleg zillen.
Pëppele gehéieren an eise Géigenden zu de Beem, déi am séierste wuessen. Se brauche dofir vill Liicht a relativ héich Temperaturen, räichhalteg Nierstoffer an hunn am léifste Biedem mat Sairegrade vu pH 6 bis 8. Flaachgrënneg, dréche Kallekbiedem verdroe se guer net. Obscho se vill Waasser brauchen daache Biedem mat engem Grondwaasserstand vu manner wéi 50 cm näischt grad sou wéi Plazen déi ze laang an ze héich iwwerschwemmt kënne ginn.
A Mëtteleuropa sinn dräi Aarten doheem: d'Schwaarz Pëppel (Populus nigra), d'Sëlwer Pëppel (Populus alba), an d'Esp (Populus tremula), sou wéi och den natierlechen Hybrid Gro Pëppel (Populus canescens).
Commons: Pëppelen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.