![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/f9/Puppis_A_Chandra_%252B_ROSAT.jpg/640px-Puppis_A_Chandra_%252B_ROSAT.jpg&w=640&q=50)
Puppis A
From Wikipedia, the free encyclopedia
Puppis A ass e Supernovarescht am Stärebild Puppis. Hien ass entstanen duerch eng Supernova-Explosioun virun 3.700 Joer an huet elo en Duerchmiesser vu 10 Liichtjoer. De Supernovarescht iwwerdeckt sech visuell mat deem vun der Vela-Supernova, ass awer véiermol sou wäit ewech.
Séier Fakten Stärebild, Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 ...
![]() Röntgeoto vum Neutronestär an de Supernovaremanents Puppis A: D'Chandra Dräifaarwebild (inset) ass eng Regioun vum Supernovarescht Puppis A (ROSAT, blo). D'ROSAT-Bild huet e Wénkelberäich vun 88 Bouminutten. D'Röntgenenergien 0.4-0.7 keV si rout, 0.7-1.2 keV gréng an 1.2-10 keV blo duergestallt. | |
Stärebild | Puppis Pup |
---|---|
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
Rektaszensioun | 08h 24m 07s |
Deklinatioun | - 42° 59' 48" |
Ausgesinn | |
Wénkelduerchmiesser | 1° |
Physikalesch Donnéeën | |
Distanz (Lj) | 7.000 Lj |
Geschicht | |
Entdeckungsdatum | 1971 |
Zoumaachen
De Puppis A ass ee vun den hellsten Himmelsobjeten am Röntgenberäich. Duerch Observatioune mat dem Röntgensatellit ROSAT konnt deen duerch d'Supernova aus dem Virgängerstär entstanene Neutronestär identifizéiert ginn. Dëse beweegt sech mat enger ganz héijer Vitess vu 5 Millioune Kilometer pro Stonn an ass weeder optesch nacht radioastronomesch noweisbar.[1]