Provënz Uíge
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Provënz Uíge ass eng vun den 18 angolanesche Provënzen. Si läit am Norde vum Land a grenzt am Westen un d'Provënz Zaire an am Süden un d'Provënze Bengo, Cuanza Norte a Malanje. Am Norden an am Osten deelt si eng Grenz mat der Demokratescher Republik Kongo.
Séier Fakten Verwaltung, Land ...
Verwaltung | |
---|---|
Land | Angola |
Haaptstad | Uíge |
ISO-Code | AO-UIG |
Demographie | |
Awunner | 1.426.354 (2014) |
Sprooch | Portugisesch |
Geographie | |
Fläch | 58.698,0 km² |
Zoumaachen
Se huet eng Fläch vu ronn 58.698 km².[1]
Der Vollekszielung vun 2014 no hat se 1.426.354 Awunner, wat 5,9 % vun der ganzer Bevëlkerung vum Angola waren.[2]
D'Haaptstad vun der Provënz ass d'Stad mam selwechten Numm.