From Wikipedia, the free encyclopedia
Prizren (op Albanesch: Prizren oder Prizreni, op Serbesch: Призрен/Prizren) ass no der Haaptstad Pristina déi zweetgréisst Stad am Kosovo. Si ass de wichtegsten Handels- a Verwaltungszentrum am Süde vum Land. D'Gemeng Prizren grenzt un Albanien am Westen an un Nordmazedonien am Osten. Déi meescht Awunner si Kosovo-Albaner (82%), donieft gëtt et ënner anerem 9,5% Bosnier a 5% Tierken.[2] Déi offiziell Verwaltungssprooche sinn Albanesch, Serbesch, Bosnesch an Tierkesch.
Prizren | |
---|---|
Déi al Steebréck vu Prizren (2013) | |
Land | Kosovo |
Vewaltungseenheet | Distrikt Prizren |
Awunner | 181.756[1] (Gemeng) |
2012 | |
Fläch | 640 |
Héicht | 403 |
Koordinaten |
42° 13’ 00’’ N 20° 44’ 00’’ O |
Postcode | 20000 |
Websäit | http://kk.rks-gov.net/prizren |
Prizren ass eng historesch Stad mat kultureller an touristescher Bedeitung fir de Kosovo. Zu de bekanntste Monumenter zielen déi al Steebréck, d'Festung an d'Sinan-Pascha-Moschee. Zanter 2002 ass all Joer den Dokumentarfilmfestival Dokufest an zanter 2011 de Musekfestival NGOM Fest.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.