From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Pompjeeë sinn eng Hëllefsorganisatioun, där hir Aufgab dora besteet, bei Bränn, Accidenter, Iwwerschwemmungen an an änleche Situatiounen Hëllef ze leeschten, d. h., Mënschen, Déieren an Objeten ze retten, ze schützen an ze biergen. Haaptaufgab ass awer d'Rettung, déi prioritär zu allen aneren Aufgabe steet.
Noutruffnummer vun de Pompjeeën | |
---|---|
Lëtzebuerg | 112 |
Daitschland | 112 |
Frankräich | 112 |
Aarten |
---|
Beruffspompjeeën |
Fräiwëlleg Pompjeeën |
Betribspompjeeën |
Wierkspompjeeën |
Jugendpompjeeën |
Doduerch, datt an de leschte Joerzéngten d'Zuel vun de Bränn staark zeréckgaangen ass, iwwerhuelen d'Pompjeeën ëmmer méi Aufgaben, déi iwwer déi traditionell Brandbekämpfung erausginn. D'Genrë vun dësen Aufgaben an d'Strukture vun den eenzele Corpse si regional ganz ënnerschiddlech.
Déi verschidden Eckdaten a Meilesteng vun den éischten 100 Joer Bestoe vum Pompjeesverband zu Lëtzebuerg vun 1883-1983.
Den 20. August gëtt d'"Amicale des Sapeurs-Pompiers Retraités" gegrënnt. Den Henri Funck-Delvaux iwwerhëlt provisoresch d'Presidentschaft vum Verband.
Déi 244 Pompjeescorpsen, souwuel fräiwëlleger wéi och Wierks- a Beruffspompjeeë sinn an hirem Daachverband, der Fédération Nationale des Corps des Sapeurs-Pompiers du Grand-Duché du Luxembourg A.s.b.l., affiliéiert. Déi Federatioun koordinéiert d'Service d'Incendie vun den 116 Gemengen aus dem Land.
Den Nationale Pompjeesverband deelt sech an 13 Kantonalverbänn op.
Den Exekutive Rot besteet aus dem President, zwéi Vizepresidenten, dem Generalsekretär an dem Generalcaissier.
Den Zentralkommitee setzt sech zesummen aus
Déi National Pompjeesschoul mat Sëtz zu Nidderfeelen iwwerhëlt déi komplett Instruktioun vum Lëtzebuerger Pompjeeswiesen. All Kantonalverband stellt jeeweils ee Kantonalinstrukter deen a senger Funktioun domat chargéiert ass, d'Instruktioun an deem Kanton wou en täteg ass, ze koordinéieren.
Déi verschidde Coursen déi zur Ausbildung vun engem Pompjeeë gehéiere sinn:
Fir déi verschidden Aufgaben z'erfëllen, hunn d'Pompjeeën an der Neizäit vill technescht Geschier, an dat perséinlecht Ekipement vun all Pompjee, dat an all Pompjeesbau ënnerbruecht ass. Dat ass geduecht de Pompjeesdéngscht viru Gefore bei der Ausbildung, Übung an am Asaz ze schützen.
A verschiddene Länner, sou wéi och zu Lëtzebuerg, sinn d'Pomjeeën och fir de Rettungsdéngscht zoustänneg an hunn dofir och déi néideg Ween a Geschier.
Zum perséinlechen Ekipement vun all Lëtzebuerger Pompjee gehéiert:
Doriwwer eraus, komme bei de Pompjeeën och Kommunikatiounssystemer an Technik fir ënner anerem d'Alarméierung zum Asaz. A gréissere Corpsen huet all Pompjee e Funkmelder (Piipsert), iwwer deen e vum Noutruff 112 a vu senger Unitéit op en Asaz geruff ka ginn.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Pompjeesgefier.
D'Lëtzebuerger Pompjeeë si, genee wéi an anere Länner no engem militäresche System opgebaut an hu sou huet jiddwer Pompjee jee no Déngschtalter, Funktioun an Ausbildung e Grad.
D'Dénschtgraden op "Velcro" sinn:
Commons: Pompjeeën – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.