D'Beruffspompjeeën (Ofkierzung: BF, fir Berufsfeuerwehr (de)), offiziell “Service d'incendie et d'ambulances”, war bis den 30. Juni 2018 e Pompjeescorps, deen nëmmen aus haaptberuffleche Pompjeeë bestanen huet an dee vun der Stad Lëtzebuerg organiséiert gouf. Et war - nieft de Pompjeeë vum Fluchhafen - den eenzege Corps vu Beruffspompjeeën zu Lëtzebuerg.

Thumb
Déi fréier Kasär (1930-2021) vun de Beruffspompjeeën op der Areler Strooss

Zënter dem 1. Juli 2018 sinn d'Beruffspompjeeën mat den anere Rettungsdéngschter am CGDIS regroupéiert.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Corps grand-ducal d'incendie et de secours.
.

Presentatioun vun de Stater Beruffspompjeeën

Organisatioun

D'Beruffspompjeeë goufen 1922 gegrënnt an de Corps bestoung deemools aus 9 Leit[1]. Enn 2017 (31.12.) waren et 183 Leit. Vun deene waren 23 Leit an enger Féierungspositioun, 157 ware Pompjeeën a 6 Persounen haten eng administrativ Aufgab.

Kommandate vun de Beruffspompjeeën[2]

Méi Informatiounen vun, bis ...
vun bis Kommandant
1922 5. September 1949 Nicolas Kieffer
31. August 1949 1. Juli 1955 Robert Polfer
1955 15. Juli 1959 Mathias Wiwinius
5. Dezember 1958 1. November 1987 Aloyse Lickes
23. November 1987 12. Juli 1991 Valentin Dahm
12. Juli 1991 27. Abrëll 2018[3] Erny Kirsch
1. Mee 2018 Serge Heiles
Zoumaachen

Missiounen

D'Aufgab vun de Beruffspompjeeë war fir bei Feier an Accidenter, bei Gefor fir Mënsch an Natur asw. z'intervenéieren. Am Joer 2017 hate si 17.809 Asätz, wouvu et 468 (2,63 %) Feierasätz, 1.452 (8,15 %) Rettungsasätz a 15.889 (89,22 %) Asätz mat enger Ambulanz waren[4].

Plaze vun de Feier- a Rettungsasätz (2017)

Méi Informatiounen Rang, Plaz vum Asaz ...
Rang Plaz vum Asaz Unzuel
1 Strooss 587
2 Appartementshaus 389
3 Eefamilljenhaus 138
4 Autobunn 91
5 Bürosgebai 60
6 Schantjen, Réibau 57
7 Industriebetrib 55
8 Schoul, Spillschoul 47
9 Baussefläch 46
10 Ëffentlecht Gebai 42
Aner Plazen 408
Total 1.920
Zoumaachen

Plaze vun den Ambulanzenasätz (2017)

Méi Informatiounen Rang, Plaz vum Asaz ...
Rang Plaz vum Asaz Unzuel
1 Appartementshaus 3.374
2 Eefamilljenhaus 2.485
3 Gebai 2.384
4 Trëttoir 1.903
5 Klinick 1.881
6 Strooss 892
7 Plaz 682
8 Schoul 479
9 Hotel, Café-Restaurant 473
10 Handwierks- oder industrielle Betrib 359
aner Plazen 1.206
Total 16.118
Zoumaachen

Geschicht

Groussasätz zanter 1921 (Lëscht net komplett)

  • 1921: Lagerbrand am Speditiounsgeschäft „Debicke“, Groussbrand an der „Columeta“ um Fëschmaart, Brand an der Buchbënnerei „Kommer“ an der Fleeschiergaass, Brand an der Zementfabréck zu Dummeldeng.
  • 3. Juli 1922: Deen éischten dokumentéierten Asaz vun de Beruffspompjeeën aus der Stad Lëtzebuerg besteet aus engem Asaz vun 2 Stonne mat 7 Mann beim Brand vun engem Haus am Leidelenger Wee zu Zéisseng.
  • 29. Januar 1929: Groussbrand am Haus „Kraus-König“ an der Arsenalstrooss.
  • 3. Dezember 1934: Groussbrand an der Schräinerei „Bintner“ zu Koplescht.
  • 23. Abrëll 1941: Groussbrand am Terres-Rouges-Gebai an der Stad; d'Pompjeeë vun Tréier hu missen hëllefe komme fir d'Feier ze läschen[5].
  • 10. September 1944: Groussbrand an der Mälzerei „Malterie de Luxembourg S.A.“ a Clausen[6].
  • 12. August 1950: Groussbrand an der „Manufacture de produits de cirage Scarabée“ am Rollengergronn[6].
  • 5. Oktober 1972: Groussbrand bei der „Monsanto“ zu Iechternach[6].
  • 30. Mee 1976: Explosioun am Béinchen am Pafendall
  • 15. August 1980: Brand am Hotel Kons op der Stater Gare
  • 29. September 1982: Fligeraccident am Bireler Gronn
  • 5. Abrëll 1985: Groussbrand an der Kathedral
  • 3. Mee 1986: Feier am Golf-Club um Findel
  • 4. Januar 1991: Explosioun am Lycée technique du Centre
  • 14. Mäerz 1991: Groussbrand an der Kierch am Rollengergronn
  • 23. Juni 1991: Groussbrand beim Uebst- a Geméishändler „Cafruta“
  • 8. November 1992: Groussbrand am Elektro-Buttek „Kaurisch“ an der Aler Avenue
  • 23. Juli 1993: Groussbrand an de Garagë vun de Stater Bussen
  • 7. Abrëll 1997: schwéiert Zuchaccident zu Hollerech
  • 6. November 2002: Fligeraccident bei Rued-Sir
  • 19. Juli 2015: Groussbrand am „Cat-Club“ zu Hollerech[7]

Kasär

Thumb
Cortège beim Plënneren an de CNIS, 12.09.2021.

Vun 1930[8] bis 2021 war d'Kasär vun de Stater Beruffspompjeeën op der Areler Strooss, just nieft dem Stade Josy Barthel an der Stad Lëtzebuerg.

Den 12. September 2021 sinn d'Beruffspompjeeën an engem Cortège an den neie Centre national d'incendie et de secours zu Gaasperech geplënnert.

Material an Ekipement

Enn 2017 haten d'Beruffspompjeeë follgend Gefierer:

11 Pompjeesgefierer

  • 4 HLF2 (Pompel-Tankwon mat Rettungsekipementer)
  • 2 ULF (Pompel-Tankwon mat enger a Pudder-Läschariichtung vu 750 kg a mat CO2)
  • 1 TLFW (Pompel-Tankwon fir Allrad-Undriff)
  • 2 DLK2 (Dréileeder vun 23 Meter mat Kuerf)
  • 1 DLK3 (Dréileeder vun 30 Meter mat Kuerf)
  • 1 RW2 (Gefier fir schwéier Rettungsasätz)

16 Speziell Gefierer

  • 1 FWK2 (70-Tonnen Kran)
  • 1 ELW2 (mobil Kommandozentral)
  • 3 WLFA (Chassis-Kabinn, Container-Transportgefier)
  • 1 AB-Gefahrgut (mobille Container fir cheemesch Interventiounen)
  • 1 AB-Rüst (mobille Container fir schwéier Rettungsasätz)
  • 1 AB-Schlauch (mobille Container mat 3000 Meter Schlauch mat engem Duerchmiesser vuin 110 mm)
  • 1 AB-Umwelt (mobille Container fir Asaz bei Ëmweltschied duerch Kuelewaasserstoffer)
  • 1 AB-Atemschutz (mobille Container fir Ootmungs Ënnerstëtzung)
  • 1 AB-GSE (mobille Container fir d'Gestioun vun aussergewéinleche Situatiounen)
  • 1 AB-MGV (mobille Container fir d'Belëftung)
  • 1 AB-Rüstholz (mobille Container mat hëlze Stäipen)
  • 1 AB-Schaum (mobille Container fir de Stockage an d'Verdeele vun 9.000 Liter Schaum)
  • 1 AB-Wasser (mobille Container fir de Stockage an d'Verdeele vun 9.000 Liter Waasser fir d'Stroossen ze botzen)
  • 1 AB-Pulver (mobille Container mat enger Pudder-Läsch Ariichtung vu 750 kg)

13 Ambulanzen

21 Transportgefierer

  • 3 KDOW (Kommandoween)
  • 2 ELW1 (Kommandoween)
  • 7 DIW (Déngschtween)
  • 5 MTW (Minibussen)
  • 3 MZF (Camionnetten)
  • 1 GW (Fourgonnette)

Ekipement

Biller

E puer Gefierer vun de Beruffspompjeeën

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Pompjeesgefierer zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Départ en retraite de M. Erny Kirsch op 112.lu, gekuckt den 3. Mee 2018
  2. D'Differenz vun 229 Asätz tëscht de 15.889 Asätz mat enger Ambulanz an de 16.118 Asätz déi am Tableau no de Plaze vun den Asätz opgelëscht sinn, kënnt doduerch, datt bei verschiddenen Asätz zwéi Patiente mat enger Ambulanz gefouert ginn, wat als een Ambulanzasaz awer zweemol als lieu d'intervention gezielt gëtt.
  3. Pompierën an Industriën zu Lëtzebuerg (sic) op industrie.lu, fir d'lescht gekuckt de 5. August 2018
  4. Großbrand verwüstet Cat Club in Hollerich op lesssentiel.lu den 19. Juli 2015
  5. Jean-Paul Hoffmann Von der Autospritze zum Tanklöschfahrzeug an Ons stad, Nr 90/2009, S. 45

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.