Photosphär
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Photosphär ass déi Schicht vun der Sonn, aus där dat siichtbart Liicht vun der Sonn staamt. D'Schicht ass ongeféier 400 km déck an huet eng mëttel Gasdicht vun 10−7 g/cm3 (entspriechend der Dicht vun der Äerdatmosphär a ronn 70 km Héicht) bei enger effektiver Temperatur vu ronn 5778 K. Wéinst der Absorptiounswierkung an der Uewerfläch sinn déi ënnescht Schichten, beispillsweis d'Konvektiounszon, net ze gesinn. Iwwer der Photosphär läit d'Chromosphär.