iresche Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia
De Peter Denis Sutherland, gebuer de 25. Abrëll 1946 zu Dublin, an och do de 7. Januar 2018 gestuerwen[1], war en iresche Politiker. Hie war vun 1985 bis 1989 Europäesche Kommissär fir Konkurrenz a war bis zu sengem Doud Envoyé spécial fir Migratioun vun der UNO.
Vun 1981 bis 1982 a vun 1982 bis 1984 war de Sutherland Attorney General (Procureur général) vun Irland. Dono war en an der Kommissioun Delors I vun 1985 bis 1986 Kommissär fir den Emploi, sozial Affären a Chancëgläichheet, a vun 1985 bis 1989 Kommissär fir Konkurrenz. Vun 1993 bis 1995 war de Sutherland dee leschte GATT-Generaldirekter an éischte Generaldirekter vun der Welthandelsorganisatioun (en.: WTO/fr.: OMC).
Vun 1995 bis 2015 war de Sutherland President vum Conseil vun der Investmentbank Goldman Sachs,[2] an ë. a. och vu BP (1997 bis 2009), ABB an der Royal Bank of Scotland.
Hie war och Envoyé spécial fir Migratioun bei de Vereenten Natiounen.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.