Stad an Australien From Wikipedia, the free encyclopedia
Perth [pɜːθ] ass d'Haaptstad vum australesche Bundesstaat Western Australia. Mat iwwer 2,1 Milliounen Awunner ass et och déi bei wäitem gréisst Stad an deem Bundesstaat an, no Sydney, Melbourne a Brisbane, déi véiertgréisst Stad an Australien. Perth ass e globalen Zentrum vun der Biergbau- a Pëtrollsindustrie. Et läit op der Mündung vum Swan River, deen do an de südlechen Indeschen Ozean leeft.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Stad a Westaustralien. Fir d'Stad a Schottland, kuckt wgl. Perth (Schottland).. |
| ||||
---|---|---|---|---|
Land: | Australien | |||
Bundesstaat: | Western Australia | |||
Administratioun: | Perth City Council | |||
Fläch: | 6 417.9 km² | |||
Awunner: | 2 085 973 Aw. (30.06.2019) | |||
Koordinaten: | 31° 57’ 0’’ S 115° 51’ 0’’ O | |||
Stied - Bundesstaaten - Groussstied |
Perth ass den ekonomeschen, administrativen a politischen Zentrum vu Westaustralien. D'Greater Perth Metropolitan Area ass an 30 selbstänneg Gemengen ënnerdeelt, mat eegener Verwaltungm, soug. Local Government Areas (LGA), a geet, op enger Fläch vun iwwer 6400 km² vun de Plagë vum Indeschen Ozean am Westen bis bei d'Ausleefer vun der Darling Range am Osten. D'LGA City of Perth, déi just 20 km² grouss ass a ronn 30.000 Awunner huet, ass den Zentrum.
Perth gouf den 12. August 1829 vum Kapitän James Stirling ënnert dem Numm Swan River Colony gegrënnt, mam Zil, domat d'Fransousen dovun ofzehalen, Westaustralien ze probéieren ze koloniséieren. 1856 gouf d'Stad offiziell gegrënnt a krut op Wonsch vum brittesche Krichs- a Kolonialminister Sir George Murray den Numm vun deem senger Gebuertsstad Perth a Schottland.
Commons: Perth – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.