From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Pergola (Italieenesch pergola, dat op dat laténgescht pergula zeréckgeet = Virbau, Ubau) ass eng Konstruktioun aus Sailen an zu engem Flaachdaach geluechte Käfferen, déi meeschtens vu Kloterplanzen iwwerwuess gëtt.
Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Heefeg si Pergolaen als Ubau baussent dem Haus, als Iwwergank tëscht verschidde Gebaier oder fräi iwwer enger Terrasse ze fannen. Pergolae ginn och hei an do als Gestaltungselement vu Monumenter agesat, sou z. B. beim Paul-Eyschen-Monument zu Stadbriedemes. Déi éischt Pergolae ginn op d'mannst op d'Antiquitéit zeréck.
Eng typesch Kloterplanz fir Pergolaen ass d'Rief. A Mëttelmierlänner gi kleng Wéngerten no beim Haus heefeg ganz mat Pergolaen ugeluecht.
Am alen Thermalbad Munneref stoung e Gebai, dat Pergola genannt gouf. Haut sinn do déi wuel gréisste Pergolae vum Lëtzebuerger Land ze fannen, op deene vum Sosthène Weis ugeluechten Terrassen déi deemools tëscht dem Pavillon Kind, der Pergola an dem grousse Concertssall louchen.
Commons: Pergolas – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.