Patrick Dury
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Patrick Dury, gebuer den 20. Abrëll 1965 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Gewerkschaftler. Hien ass zanter dem 18. November 2011 President vum LCGB.[1]
Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Patrick Dury | |
---|---|
Gebuer | 20. Abrëll 1965 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Gewerkschaftler |
Zoumaachen
Tëscht 1989 an 1998 huet hien an der Produktiounsiwwerwaachung bei Luxguard an am Walzwierk op Arbed-Schëffleng geschafft.
Zanterhier war hie Gewerkschaftssekretär, gouf du Generalsekretär a schliisslech Nationalpresident vum Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond.
Ier e Generalsekretär gouf, war hien zoustänneg fir d'Fédération des banques et assurance (LCGB-FEBA), d'ALPL (Association Luxembourgeoises des Pilotes de Ligne et des sociétés de l'aéroport) an den LCGB-SESM.
Hien ass bestuet a Papp vun 2 Kanner.