Jupitermound From Wikipedia, the free encyclopedia
De Mound Pasithee (oder Jupiter XXXVIII) ass ee vun de klenge baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.
De Jupitermound Pasithee an enger kënschtlerescher Animatioun am Computer-Programm Celestia. | |
Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2001 J 6 |
---|---|
Zentralkierper | Jupiter |
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 23.096.000 km |
Periapsis | 16.929.000 km |
Apoapsis | 29.263.000 km |
Exzentrizitéit | 0,267 |
Ëmlafzäit | 719,44 Deeg |
Ëmlafvitess | 2,33 km/s |
Inklinatioun | 165,138° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | ≈ 2 km |
Dicht | 2,6 g/cm3 |
Gravitatioun op der Uewerfläch | ? m/s2 |
Albedo | 0,04 |
Visuell Magnitude (mag) | 23,2 |
Entdeckung | |
Entdecker | IFA Hawaii |
Entdeckungsdatum | 11. Dezember 2001 |
De Pasithee gouf den 11. Dezember 2001 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Hie krut am Ufank déi virleefeg Bezeechnung S/2001 J 6.
De Mound gouf no der Pasithea, enger vun de Chariten aus der griichescher Mythologie genannt.
De Mound Pasithee kreest a 719 Deeg, 10 Stonnen a 34 Minutten op enger mëttlerer Distanz vun 23.004.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2675. Mat enger Inklinatioun vun 165,138° ass d'Bunn retrograd, dat heeschtt, de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt de Pasithee zu der Carme-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Carme.
De Pasithee huet an der Moyenne en Duerchmiesser vun zirka 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hie besteet warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestein an huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 23,2m.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.