![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/3/3c/Logo_del_PP_%25282022%2529.svg/langlb-640px-Logo_del_PP_%25282022%2529.svg.png&w=640&q=50)
Partido Popular
spuenesch politesch Partei / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Partido Popular (kuerz PP) ass eng spuenesch konservativ a chrëschtdemokratesch politesch Partei.[1]
Séier Fakten Ofkierzung, President ...
Partido Popular | |
---|---|
![]() | |
Ofkierzung | PP |
President | Alberto Núñez Feijóo |
Gegrënnt |
1976 (Aliança Popular) 1989 (Partido Popular) |
Parteizentral |
Génova, 13. 28004 Madrid, España |
Jugendorganisatioun | Nuevas Generaciones del Partido Popular (NNGG) |
Ideologie |
Chrëschtlech Demokratie Konservatismus |
Politesch Positioun | Mëtt-riets |
Europäesch Affiliatioun | EVP |
Faarf | Blo |
Congreso de los Diputados |
137/350 Sëtz |
Senado de España |
140/265 Sëtz |
EU-Parlament |
13/59 Sëtz |
Websäit | https://pp.es/ |
Zoumaachen
Si gouf 1989 gegrënnt a gëtt an hire Statuten als "reformisteschen Zentrum" definéiert, dee vun humanistesch-chrëschtleche Wäerter inspiréiert ass. Sengen eegenen Ugaben no huet de PP iwwer 865.000 Memberen ("afiliados").[2] Onofhängeg Analyste schätzen déi Zuel awer éischter op ëm déi 100.000.[3]
Si ass no der Spuenescher Sozialistescher Aarbechterpartei déi Partei, déi d'Land am längste regéiert huet. Si huet bis elo zwéi Ministerpresidente gestallt: de José María Aznar vun 1996 bis 2004 an de Mariano Rajoy vun 2011 bis 2018.